Am Distanzduell tëscht den Escher an de Käerjenger ëm d'Tabellespëtzt, huet Esch Plomme beim HBD gelooss.

Axa League Hären

HB Diddeleng - HB Esch 34:32

Als Tabelleleader sinn déi Escher op Diddeleng gereest, awer mat am Hannerkapp, datt eng Néierlag hinnen déi knapp Féierung an der Tabell kéint kaschten. An déi Diddelenger wollten doheem weisen, datt si trotz enger aktueller fënnefter Plaz den Ekippe viru sech et schwéier maache wëllen a kënnen. A genau dat huet den HBD och hikritt. Zu kengem Ament konnt de Favorit aus Esch sech ofsetzen an et war am Ufank vum Match en hin an hier beim Score. Mol haten déi Diddelenger e puer Goler Avance, wéi beim 8:5 no 11 Minutten, Mol haten déi Escher d'Nues fir wéi beim 11:8 no 17 Minutten. D'Säite goufe du beim Stand vun 18:15 fir d'Heemekipp gewiesselt. Déi Escher hu sech dono awer schwéier gedoen, dëse Réckstand opzehuelen an no 45 Minutten ware si beim 23:26 nach ëmmer dräi Goler hannendran, genau wéi no 55 Minutte beim 32:29. Dësen Ecart sollten déi Escher dann net méi ophuelen, esou datt si zum Schluss knapp mat 32:34 zu Diddeleng verléieren.

HB Käerjeng - Red Boys Déifferdeng 35:31

Déi Käerjenger laueren als Zweeten an der Tabell op en Ausrutscher vun den Escher. Mat dem Coupegewënner Red Boys hate si awer selwer dëse Mëttwoch keen einfache Géigner op Besuch. Ma d'Heemekipp huet konzentréiert gespillt an och wa se net de ganz groussen Ecart erausgespillt hunn, haten d'Red Boys net eng Kéier an dëser Partie d'Nues vir. No 15 Minutte stoung et 8:6 fir Käerjeng a beim Stand vu 17:14 goung et an d'Paus. Dono ass den Ecart laang stabel bliwwen, mol waren et 2 Goler, mol 4. An en Ecart vu 4 Goler sollt et dann och zum Schluss ginn, well sech d'Heemekipp mat 35:31 behaapte konnt.

HC Bierchem - Chev Dikrech 38:22

Fir uewen u Käerjeng an Esch drun ze bleiwen, hunn déi Bierchemer doheem géint Dikrech, déi am Playoff nach keng Victoire feiere konnten, misste gewannen. An dat hunn déi Réiserbänner sech och vun Ufank vum Match virgeholl an aus engem 3:3 no fënnef Minutte gouf et séier en 11:5 no enger Véierelsstonn. An d'Kabinne goung et mat engem 16:11, ma de Virsprong sollt dono weider wuessen. Ganzer aacht Goler Differenz gouf et beim 28:20 no 45 Minutten. An de leschte Minutte gouf den Ecart nach méi grouss, esou datt Bierchem kloer mat 38:22 gewënnt.

Spillplang Hären Titel

Relegatioun Hären

HC Standard - HB Péiteng 35:31

Wien nach eng Chance wollt hunn, fir ënnert déi éischt Zwee ze kommen an esou déi nächst Saison Axa League ze spillen, dierft dëst Partie net verléieren. Ma déi Péitenger, déi als eenzeg bis ewell géint den Tabelleleader Miersch gewanne konnten, haten eng schlecht Schlussphas vun der éischter Hallschent. Well de Standard konnt hei aus engem 9:9 no 20 Minutten e 16:11 no 30 Minutte maachen. Dësem Réckstand sinn déi Péitenger de Recht vum Match nogelaf, esou datt déi Bouneweeger zum Schluss déi wichteg Punkte doheem hale konnten.

Relegatioun Hären