Jonk Talenter dreiwe gesonde Konkurrenzkampf an der Nationalekipp un

© FLH
Um Méindeg gouf et eng Pressekonferenz, wou den neien Nationaltrainer Maik Handschke de Point kuerz virum 1. Rendez-vous géint Nordmazedonien gemaach huet.
Déi Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp spillt e Mëttwoch den Owend vun 20.15 Auer un hiren zweetleschten EM-Qualifikatiounsmatch géint Nordmazedonien. E Sonndeg ass dann déi lescht Partie géint Portugal.
Um Méindegowend gouf et eng Pressekonferenz, wou den neien Nationaltrainer Maik Handschke de Point kuerz virum 1. Rendez-vous géint Nordmazedonien gemaach huet.
D'Rout Léiwen hunn hir 4 éischt Partië verluer géint Portugal, d'Tierkei an Nordmazedonien. An der Tierkei gouf et den 12. Mäerz eng ganz enttäuschend an héich Defaite. Kuerz no där Partie huet den "Directeur Technique National" Maik Handschke och den Trainerposten iwwerholl. Ob et provisoresch ass, gëtt no der Campagne diskutéiert. Kloer ass, datt den Handschke eng 10 nei Spiller an de Kader geruff huet - virun allem ganz jonk Elementer, déi den Trainer scho jorelaang kennt a betreit.
De 17 Joer jonke Luke Kaysen vun Dormagen an den 19 Joer jonken Nick Peters vu Bierchem waren op der Pressekonferenz present, wéi och de Loic Kaysen, dee mat sengen 21 Joer schonn zu de Kadere vun der Nationalekipp gehéiert. Den Nationaltrainer Handschke huet nach Trainingsunitéiten an dann eréischt gëtt den definitive Kader vu 16 Spiller bekannt.
Géint Nordmazedonien wier et vermessen, un e gutt Resultat ze denken. Den däitschen Trainer géif gäre gesinn, datt d'Jongen alles ginn, an der Defense ëm all Ball kämpfen a weisen, datt si sech net schounen hannen. An der Attack musse si Gedold hunn an d'Chancen ofwaarden an dann ausnotzen. Bis elo hu sech déi jonk Elementer ganz gutt integréiert an de Konkurrenzkampf ass méi grouss elo, wou déi jonk Talenter dobäi koumen.
De Felix Werdel, dee Profi zu Sarrebourg ass, ass fit bei de Kader dobäi gestouss. De Joe Schuster vum Nordheimer HC dogéint ass nach ëmmer blesséiert.