Lëtzebuerger Nationalekipp verléiert kämpferesch Partie géint Nordmazedonien

© Sam Rickal
Och am zweetleschte Match vun der EM- Qualifikatioun gouf et fir d'Rout Léiwe virum eegene Publikum eng Néierlag.
Virun dëser Partie gouf et fir d'Rout Léiwen véier Néierlagen a véier Matcher, rezent zwou ganz batterer géint d'Tierkei. An och elo am Heemmatch géint den aktuellen Zweeten an der Tabell aus Mazedonien war ee just den Underdog. Ma déi Lëtzebuerger Handballer koume gutt an de Match an hunn déi ganz Partie iwwer gutt dogéint gehalen. Grad an den Ufanksminutte war een Mol een oder zwee Goler am Avantage, mol een hannen. No 20 Minutte waren déi Rout Léiwen esouguer nach 9:8 vir. Dono hunn d'Nordmazedonier awer e bëssen opgedréint a si mat engem 14:12 an d'Paus gaangen.
Nom Säitewiessel hunn d'Gäscht d'Féierung behalen a se just lues a lues ausgebaut. No 45 Minutte stoung et 22:18 fir d'Nordmazedonier. D'Lëtzebuerger hu sech net opginn a weider gekämpft, ma den Ecart war ze grouss, fir datt si nach eng Kéier sollte bäikommen. Zum Schluss verléiere si d'Partie géint de Favorit aus Mazedonien mat 23:28.