Lëtzebuerg iwwerzeegt trotz Defaite

E Mëttwoch huet d'Nationaekipp 23:28 géint Nordmazedonien verluer, ma d'Leeschtung war trotzdeem iwwerzeegend.
E Mëttwochowend huet am Handball Lëtzebuerg an der Coque géint Mazedonien gespillt. Dat war dee leschte Match heiheem an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2024. Et war ee gespaant, wéi deen éischte Match no der Trennung vum Nationaltrainer Malesevic kënnt ausgesinn.
Den Interimsnationaltrainer Maik Handschke hat de Kader gehéireg gerëselt nei Spiller convoquéiert an anerer net berécksiichtegt. Et huet ee sech missen nei zesummefannen.
Vun Ufank huet ee gesinn, dass d’Spiller wollte weisen, dass si besser spille kënnen wéi an de Matcher géint d’Tierkei. E neie Wand huet duerch d’Team Lëtzebuerg geblosen. Ouni Komplexer sinn déi rout géint d’Mazedonier ugetrueden, déi an der Ranglëscht ëmmerhin op der 15. Plaz stinn.
Dobäi hunn zwee Lëtzebuerger Spiller dem Match hire stempel opgedréckt.
Do schwätze mer vum Mika Herrmann am Goal, deen eng aussergewéinlech staark Performance ofgeliwwert huet. Bal 40 Prozent Reussite, wat eng international Toppleeschtung ass. Ob de Géigner an der Konterattack eleng virun dem Mika opgetaucht ass, ob et Siwemeter gouf, an iwwerhaapt egal vu wou de Ball komm ass, de Mika hat eng Äntwert. Dat stäipt d’Moral vun der ganzer Ekipp.
An dann ass de Loic Kaysen, deen an Däitschland spillt, reegelrecht explodéiert. Mat grousser Liichtegkeet huet hien d’Defense vun de Mazedonier ausgetrickst, an eleng an der 1. Hallschent 7 vun deenen 12 Lëtzebuerger Goaler geschoss. Hien huet d'Vertraue kritt vum Trainer a vun der Ekipp a gëtt dat zréck. Seng Erfarung an Däitschland hëlleft dobäi.
Bis déi 25. Minutt, 5 Minutte virun der Paus, hunn déi Rout d’Mazedonier fäerte gedinn. Dunn bëssen u Buedem verluer a mat zwee Goaler Retard an d’Paus gaangen.
Och an der 2. Hallschent war de Match op bis déi 45. Minutt. Mä iergendwa muss ee physesch gesinn den Ënnerscheed mat Profie mierken.
D’Kraaft léist no, d’Konzentratioun dann och. Eng Feelpass geet duer, fir de Géigner opkommen ze loossen.
Lëtzebuerg verléiert mat 5 Goaler Differenz 23:28 no enger wierklech gudder Leeschtung. Endlech nees eng Handballnationalekipp, déi Handball spillt.