De Chev gewënnt um Enn 27:26. Diddeleng a Käerjeng trenne weiderhin zwee Punkten, nodeems béid Ekippen hir Matcher gewanne konnten.

Am Damme-Championnat war den aachte Match am Titel-Playoff.

Axa League Dammen

Den Tabelleleader Diddeleng hat beim 39:10 zu Gréiwemaacher keng Problemer mam HB Museldall. Den HBD war mat engem 8:1 an den éischten eelef Minutte gestart an huet de Virsprong bis zur Paus op 19:8 ausgebaut. D'Ekipp vum Trainer Yannick Archer huet och an den zweeten 30 Minutte konsequent Goler markéiert, sou dass um Enn dee groussen Ecart zustan koum, och well den Damme vun der Musel an der zweeter Hallschent just zwee Goler gelonge sinn.

Käerjeng hat am Ufank méi Krämpes mam Tabellendrëtten Déifferdeng, gewënnt schlussendlech awer mat 23:16. D'Ufanksphas vum Match war ganz serréiert, mee duerno konnt den HBK sech e klenge Virsprong erausspillen. No der Paus hunn d'Käerjenger Dammen hir Avance konstant ausgebaut a bleift mat dësem Resultat zwee Punkten hannert dem HB Diddeleng op Plaz zwee.

De Chev Dikrech setzt sech an engem spannende Match mat 27:26 géint den Handball Esch duerch. D'Heemekipp konnt sech bis zur Paus eng Avance vu véier Goler erausspillen an no engem 7-Goler-Virsprong no 40 Minutten hat ee gemengt, de Match wär gelaf. D'Damme vum HB Esch hu sech awer lues nees zeréckgekämpft, soudass et déi lescht Minutten nach eng Kéier spannend gouf. Hei hat de Chev awer déi méi glécklech Hand.

An der Relegatioun huet sech den Handball Bieles mat 19:18 beim HC Atert Réiden duerchgesat.

Spillplang Damme Playoff

Relegatioun Dammen