Nationalekipp verléiert och leschte Partie vun der EM-Qualifikatioun

An der leschter Partie vun der EM-Qualifikatioun gouf et eng däitlech Néierlag vun de Roude Léiwen a Portugal
Dobäi hat et gutt ugefaange fir d'Rout Léiwen, déi géint eng portugisesch Auswiel gespillt hunn, wou vill vun de Stammspiller a Staren net am Kader waren. D'Lëtzebuerger hunn déi éischt 10 Minutte gutt matgehalen, och wéinst dem Herrmann am Gol, a ware beim Stand vu 5:6 just ee Gol am Desavantage. Ma eng Zwou-Minutte-Strof an och vill Feeler am Ugrëff hunn dofir gesuergt, datt d'Portugisen an den nächsten 10 Minutten e 7:0 konnten op de Parquet leeën. Domadder war den Ecart gemaach. D'Heemekipp huet vill gewiesselt an domadder e bëssen Qualitéit erausgeholl an awer konnte si hire Virsprong nach weider ausbauen, well si d'Feeler vun der Roude Léiwen äiskal mat séiere Kontere bestrooft hunn. An der Paus louchen déi Rout-Gréng virum eegene Public 18:8 vir.
Am Ufank vun der zweeter Hallschent ass den Ecart just liicht gewuess, no 40 Minutte louch e bei 24:11. D'Lëtzebuerger hunn einfach ze vill Feeler gemaach a waren dacks ze lues beim Repli défensiv, esou datt d'Portugise vill einfach Goler duerch d'Schnellspill markéiere konnten. Zum Schluss verléieren d'Rout Léiwe dës Partie ganz kloer mat 18 op 36 a schléissen eng enttäuschend Campagne of, bei där se um Wupp vun der Tabell mat 0 Punkte stinn.