Käerjeng erkämpft sech a leschter Sekonn ee Punkt

© RTL / Gilles Tricca
Et bleift beim Zweekampf tëscht Käerjeng an Esch ëm Plaz 1. Bei den Damme kënnt et um leschte Spilldag zur decisiver Finall tëscht Diddeleng a Käerjeng.
Bei den Häre war et den 8. Spilldag vum Playoff a bei den Damme stoung den zweetleschte Spilldag um Programm.
Axa League Hären
Am Spëtzematch tëscht Käerjeng a Bierchem gouf et beim 26:26 kee Gewënner. Et goung de ganze Match hin an hier an de maximale Virsprong fir eng Ekipp louch bei dräi Goler (12:9 fir Bierchem kuerz virun der Paus). An de leschten 20 Minutten stoung et ëmmer gläich oder eng Ekipp louch mat engem Gol an Avantage. Bierchem hat nom 26:25 vum Raphael Guden 15 Sekonne viru Schluss, scho wéi de Gewënner ausgesinn, mee duerch eng Disqualifikatioun vum Bierchemer Golkipp, well hien de Käerjenger de Ball fir e Fräiworf net direkt zeréckginn huet, krut Käerjeng e Siwemeter zougesprach, deen de Vladimir Temelkov eragesat huet. Käerjeng steet elo Punktgläich mat Esch un der Tabellespëtzt an huet dräi Punkte méi um Kont wéi Bierchem. Bei enger Bierchemer Victoire wär aus dem Zweekampf ëm d'Meeschterkroun nach eng Kéier en Dräikampf ginn.
Den Tabellenzweeten Esch hat sech bei der 32:27-Victoire zu Dikrech immens schwéier gedoen. Virun 150 Spectateuren war de Match bis zur 40. Minutt ganz serréiert. D'Ekipp aus dem Minett war wuel mat zwee Goler Avance an d'Paus gaangen (17:15), mee Dikrech huet sech nees erugekämpft an an der 40. Minutt stoung 21:21. Duerno huet den HB Esch sech lues a lues dervu gemaach a gewënnt schlussendlech mat fënnef Goler Virsprong. Duerch d'Gläichspill vu Käerjeng a Bierchem bleift den amtéierende Champion Tabellenzweeten.
De Coupegewënner Red Boys Déifferdeng setzt sech mat 28:24 géint den HB Diddeleng duerch. Bis zur Paus ass d'Féierung hin an hier gewiesselt a keng Ekipp konnt sech ofsetzen (14:12). Direkt no de Paus konnt Déifferdeng sech e Virsprong vu véier Goler erausspillen, dee si um Enn och sollten an d'Zil bréngen.
An der Relegatioun huet Rëmeleng eng batter 31:32-Néierlag géint Péiteng mussen astiechen an ass an der Tabell elo punktgläich mat Schëffleng, déi sech 35:23 beim HB Museldall behaapten. De Match tëscht Miersch an dem Standard gouf um Sonndeg gespillt, wou Miersch mat engem 34:27 de Maintient an der AXA League quasi fix gemaach huet.
Spillplang Hären Titel
Relegatioun Hären
Axa League Dammen
D'Spëtzenekippen Diddeleng a Käerjeng gi sech weider keng Bléisst am Kampf ëm de Championstitel.
Diddeleng konnt sech ouni Problem an awer e bëssen iwwerraschend 30:15 géint d'Red Boys Déifferdeng behaapten. De Match war bis an déi 15. Minutt zimmlech enk (8:6), mee duerno konnt den HBD den Ecart bis zur Paus progressiv ausbauen (16:8). Och nom Säitewiessel huet sech de Spectateuren am Centre René Hartmann dat selwecht Bild gewisen. D'Damme vun Déifferdeng hunn ni wierklech an de Match fonnt, soudass Diddeleng um Enn duebel esou vill Goler markéiert hat wéi d'Gäscht.
Och den HB Käerjeng hat keng Problemer bei der 35:16-Victoire doheem géint Esch. D'Ekipp ronderëm d'Tina Welter hat am Ufank wuel e bësse Krämpes sech ofzesetzen, mee bis zur Paus war den Ecart kloer (19:7). An den zweeten 30 Minutten ass de Virsprong vun de Gréng-Wäisse konsequent ausgebaut ginn. Um leschte Spilldag kënnt et soumat zur decisiver Entscheedung tëscht Diddeleng a Käerjeng am direkten Openeentreffen.
Am leschten Heemmatch vun der Saison huet sech de Chev Dikrech mat 20:15 géint den HB Museldall duerchgesat a schléisst d'Saison domat op der véierter Plaz of.
An der Relegatioun steet fest, dass Bieles an der AXA League bleift, an dat trotz engem 13:13-Gläichspill géint déi zweet Ekipp vu Käerjeng. An och d'Decisioun ëm deen zweeten Opsteiger ass gefall. Den HC Standard spillt wéi den HBB déi nächst Saison nees an der héchster Handball-Liga. D'Ekipp aus der Haaptstad huet sech mat 30:13 géint Schëffleng duerchgesat, wärend Réiden iwwerraschend kloer 27:34 zu Miersch verléiert.