No der Victoire vun Esch géint Bierchem an der Defaite vu Käerjeng zu Diddeleng kann dem HB Esch de Meeschtertitel quasi net méi geholl ginn.

Um Samschdeg stoung den zweetleschte Spilldag bei den Hären an de leschte Spilldag bei den Dammen um Programm.

Duerch d'Victoirë vum HB Esch a vun Diddeleng misst Käerjeng um leschte Spilldag mat méi wéi 20 Goler Differenz géint Esch gewannen, wat normalerweis eng Saach vun der Onméiglechkeet ass.

Axa League Hären

Am Spëtzematch tëschent dem HB Esch an dem HC Bierchem huet sech d'Heemekipp däitlech mat 35:29 duerchgesat.

Et war eng hektesch a nervös Ufanksphas an där et kenger Ekipp gelongen ass, hir Virsprong iwwert eng länger Distanz ze halen. Esch hat de bessere Start erwëscht a war séier 3:1 vir. Bierchem huet de Match beim 8:5 komplett gedréint a war selwer esouguer 3 Goler am Avantage. D'Heemekipp huet awer och nees reagéiert a no ronn 18 Minutte war de Match beim 10:10 nees ausgeglach. Et ass weider Hin an Hir gaangen, mee Esch hat sech an der Paus e Virsprong vun 2 Goler erkämpft (16:14). An den éischten 10 Minutten no der Paus ass et bei deem 2-Goler-Virsprong bliwwen. D'Heemekipp huet an der Suite gutt an der Ofwier agéiert a konnt sech Gol vir Gol ofsetzen. Um Enn huet Esch verdéngt mat 6 Goler Ënnerscheed gewonnen an domadder den Titel verdeedegt.

Den Tabelleleader Käerjeng huet zu Diddeleng mat 31:32 de Kierzere gezunn an domadder d'Chance op den Titel verspillt.

Déi éischt 20 Minutte war ausgeglach a keng vu béiden Ekippe ware méi wéi 2 Goler am Avantage. Déi lescht 10 Minutte virun der Paus war Diddeleng awer um Drécker a war beim 15:11 4 Goler vir. D'Gäscht hunn den Ecart awer op 2 Goler erofgeschrauft a d'Säite si mat engem 15:13 gewiesselt ginn. D'Heemekipp hat sech no der Paus vill virgeholl an ass mat engem 5:1 gestart. D'Gäscht hu sech no an no nees erugeschafft a waren an der 41. Minutt nach 3 Goler hannen. Käerjeng huet weider gemaach an de Réckstand ass ëmmer méi kleng ginn. 8 Minutte viru Schluss waren d'Gäscht just nach 1 Gol hannen. Käerjeng huet et bis zum Schluss awer net fäerdegbruecht, de Match komplett ze dréinen.

Mam Dan Mauruschatt, Francesco Volpi, Alex Szyczkow, Tommaso Cosanti huet den HBD virun der Partie 4 Spiller Äddi gesot, déi also d'nächst Saison net méi beim HBD an der 1. Ekipp spillen.

D'Red Boys Déifferdeng hate keng Problemer, fir sech doheem mat 33:25 géint de Chev Dikrech duerchzesetzen. An der Paus war d'Heemekipp mat 19:9 am Avantage.

Spillplang Hären Titel

Axa League Dammen

An der Relegatioun bei den Dammen gouf et eng 22:18-Victoire vu Bieles géint de Standard. Béid Ekippen spillen nächst Saison awer an der ieweschter Divisioun. An der anerer Partie huet Schëffleng mat 26:30 géint Atert Réiden verluer.

Relegatioun Dammen