De Martin Muller hält op

© pressfoto.rtl.lu
Op senger Facebooksäit mellt de Veräin, datt de Martin Muller de Samschdeg säi leschte Match spillt.
Virun e puer Deeg gouf jo bekannt, datt de Sacha Pulli géif ophalen beim Handball Esch. Viru kuerzem hat de Muller och der Nationalekipp definitiv Äddi gesot.
Den HB Esch schreift:
Don't cry because it's over. Smile because it happened.“
En Samsden seet och den Martin Äddi, genau wei den Sacha, d‘Audrey an Mäité, hänkt hien seng Handballschong un den Nol.
Merci Martin fir all déi verreckten Momenter déis du eis an deenen läschten 15 Joer geschenkt hues.
Genau wei d‘Audrey, Mäité an den Sacha wärs du net nëmmen sportlech mee och menschlech feelen.
Salut l‘artiste.
Eemol Esch, ëmmer Esch