An 11 Deeg fänken d'Spiller vun de klenge Länner un
Vum 29. Mee bis den 3. Juni representéierten 130 Athleten d'Lëtzebuerger Land zu Malta.
2019 bei der leschter Editioun a Montenegro huet déi Lëtzebuerger Delegatioun de Medailespigel gewonnen. Dëst Joer probéiere si de selwechten Objektiv un ze viséieren, allerdéngs sinn dëst Joer net déi selwecht Sportaarten dobäi wéi bei deenen leschte Spiller, dowéinst ass et méiglech, dass Lëtzebuerg um Enn net op der 1. Plaz vum Medailespigel stoen wäert. Virfreed ass op alle Fall grouss, nodeems d'Spiller vun de klengen Länner zu Andorra wéinst der Pandemie annuléiert goufen, d'Lëtzebuerger Land nees op esou enger Bün ze representéieren.
Sportaarten, déi dobäi sinn:
- Liichtathletik
- Basketball (5 géint 5 / 3 géint 3)
- Judo
- Rugby
- Seegelen
- Sportschéissen
- Squash
- Schwammen
- Dëschtennis
- Tennis