FLVB-Damme starte mat souveräne Victoiren

© Screenshot
Bis e Sonndeg ginn an der Coque d'CEV SCA Senior Women Championships organiséiert.
E Freideg am Nomëtteg ass am Pool A d'Lëtzebuerger Volleyballnationalekipp mat enger souveräner 3:0-Victoire an de Sätz géint Malta an d'EM vun de klenge Länner gestart.
D'Rout Léiwinnen hunn déi éischt zwee Sätz kloer dominéiert a se mat 25:5 a 25:7 fir sech entscheet. Den drëtte Saz war méi enk, ma um Enn hu si och do mat 25:23 d'Iwwerhand behalen.
E Freideg den Owend war d'FLVB-Formatioun nach géint Irland gefuerdert. Och hei gouf et eng kloer Victoire. Mat 3:0 (25:13, 25:5, 30:28) an de Sätz huet ee sech behaapt. Och hei war den drëtte Saz nees ganz serréiert.
Duerch dës zwou Victoirë stinn d‘Lëtzebuerginne sécher als 1. an der Pool A an den Halleffinallen. Géigner ass hei e Samschdeg den Owend um 20 Auer entweder Island oder Schottland.
An der Pool B huet Island Nordirland mat 3:0 geklappt. Déi zweet Partie huet Island knapp 2:3 an de Sätz géint Schottland verluer.