Lëtzebuerg verléiert d'Halleffinall géint Island

Bei der EM vun de klenge Länner an der Coque huet Lëtzebuerg géint Island 2:3 verluer. Am éischte Match hat sech Schottland géint Malta duerchgesat.
An enger ganz serréierter Partie setzt sech Island 3:2 géint Lëtzebuerg duerch.
Déi éischt dräi Sätz waren immens enk. D'Rout Léiwinne louchen am Ufank vir, hunn awer mat der Zäit ëmmer méi de Fuedem verluer an de Saz schlussendlech 23:25 verluer. Och deen zweete Saz war net u Spannung ze iwwerbidden, dës Kéier awer mat dem besseren Enn fir d'Lëtzebuergerinnen (25:23).
Den drëtte Saz goung nees un d'Ekipp vun der Insel Island (25:23) an d'Lëtzebuergerinnen hunn de véierte Saz nees fir sech entscheet (25:13). Soumat goung et an den decisive fënnefte Saz, wou de Lëtzebuergerinnen am Ufank d'Duerchschlagskraaft gefeelt huet, wouduerch si déi ganz Zäit engem Réckstand hannendru gelaf sinn. Island gewënnt schlussendlech 15:12.
Lëtzebuerg spillt domat e Sonndeg de Match ëm Plaz 3, deen um 15.00 Auer an der Coque ugepaff gëtt. Do treffe si op Malta, déi an der éischter Halleffinall 1:3 (21:25, 25:12, 20:25, 15:25) géint Schottland de Kierze gezunn haten. D'Finall heescht deemno Schottland géint Island an ass fir 17.00 Auer ugesat.
E Sonndeg stinn d'Finallen an der Coque um Programm. RTL iwwerdréit d'Matcher, wéi déi lescht Deeg och, am Livestream op RTL.lu.