Den Nowuess vun der FLH huet sech beim Dräilännerturnéier zu Krautem géint d'Belsch an Holland behaapt.

E Samschdeg hat d'Lëtzebuerger Handball-Federatioun op en Dräilännerturnéier zu Krautem agelueden.

Am fréie Mëtteg haten déi jonk Rout Léiwen der Belsch keng Chance gelooss. Si hunn nämlech mat 26:19 gewonnen. De Luke Kaysen, deen an Däitschland bei Bayer Dormagen spillt, huet an deem Match 14 Goler markéiert. Am Gol hat de Käerjenger Matusz Lallemang eng Performance gewisen.

No der hollännescher Victoire géint d'Belsch stoungen d'Lëtzebuerger an d'Oranjeteam an der Finall. D'Lëtzebuerger U19 huet am Réiserbann iwwerraschend däitlech géint hir Alterskolleegen aus Holland gewonnen, an dat mat 36:24. Och an der Finall war de Luke Kaysen de beschte Buteur mat nees 14 Goler. Den zweetbeschte Buteur an deem Match war de Sam Richard mat 9 Goler.