West Ham United wënnt d'Finall géint den AC Florenz

© MICHAL CIZEK AFP
Um Enn konnten d'Englänner sech mat 2:1 géint d'Fiorentina aus Italien duerchsetzen.
Dat an enger Partie an där et laang net duerno ausgesinn hat, dass iwwerhaapt eng vun den Ekippen de Filet géing fannen. Et huet nämlech bis déi 62. Minutt gedauert, bis West Ham duerch en Eelefmeter vum Saïd Benrahma a Féierung gaangen ass. Ma nëmme 5 Minutte méi spéit konnt Florenz duerch e Gol vum Giacomo Bonaventura nees ausgläichen.
Duerno huet et laang ausgesinn, wéi wann et géif an d'Verlängerung goen. Ma an der 90. Minutt konnt den Jarrod Bowen no enger Virlag vum Lucas Pacquéta den 2:1 fir West Ham markéieren.
De Match ass dann och mat deem Score op en Enn gaangen, sou dass West Ham um Enn de Gewënner vun dëser Uefa Conference League ass.