Polnesche Journalist stierft um Wee an d'Spidol

© AFP
E Sonndeg den Owend war zu Köln d'Finall vun der Champions League am Handball tëscht dem SC Magdeburg an Industria Kielce.
Ronn 12 Minutte virum Schluss vum Match koum et op eemol zu engem medezineschen Noutfall, wéi e polnesche Journalist zesummegebrach ass. De Match war 13 Minutte laang ënnerbrach ginn.
Wéi et vun den Organisateuren heescht, wier den 51 Joer ale Pawel Kotwica um Wee an d'Spidol gestuerwen. Wéinst dem Virfall hat déi europäesch Handball-Federatioun d'Pressekonferenz nom Match wéi och all aner geplangten Aktivitéite fir deen Owend ofgesot.
De Magdeburg-Trainer Bennet Wiegert huet nom Match gesot, hie wier wärend der Ënnerbriechung bei säin Trainerkolleeg Talant Dujshebaev gaangen an hätt him ugebueden: "Looss eis de Match ofbriechen. Mir huelen d'Resultat un an dir sidd Champions-League-Gewënner, well et gi méi wichteg Saachen am Liewen." Deen Ament louch Magdeburg 20:22 hannen, um Enn hu si de Match awer nach mat 30:29 no Verlängerung gewonnen.
"Et huet een nees gesinn, wéi no Gléck an Trauer beienee leien. Et deet mir onheemlech leed, dat ass einfach schäiss", esou nach de Wiegert.
Och de Veräin Industria Kielce huet sech zu Wuert gemellt. Iwwer Twitter schreiwe si: "Pawel, mir wäerten heihinner zeréckkommen a gewannen, mee kee wäert eis dech zréckbréngen. Eist Bäileed fir d'Famill. Näischt ass haut méi wichteg!"