De fréieren Nationalspiller huet a senger aktiver Zäit fir verschidde Veräiner hei am Land gespillt a war och als Trainer aktiv.

Den Eric Grand ass dout. De fréieren Nationalspiller, deen nach d’lescht Saison als Trainer aktiv war, ass am Alter vu 45 Joer gestuerwen. Dat huet d'Wort en Donneschdeg den Owend gemellt.
Zu senger aktiver Zäit war de Grand ënnert anerem fir d’Musel Pikes, Zolwer an de Racing aktiv, a war zulescht Trainer zu Beetebuerg.