De Samschdeg de Moie war zu Réiser de Kongress vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun.

Kongress vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun

Dat war net vun ongeféier am Réiserbann, well den HC Bierchem aus där Gemeng seng 60 Joer feiert.

Um personelle Plang ginn et Changementer am Conseil d'Administration. Den Eric Ewald, den Giorgio Ricciardelli an de Jérôme Duarte ersetzen hei d'Tess Pulli, d'Birgit Lehner an den Thierry Wagner.

De President vun der FLH Dokter Romain Schockmel hat a senger Usprooch matgedeelt, datt d'Professionalisatioun e vill genannten Terme ass am Lëtzebuerger Handball. Et wier elo un der Zäit, dëst kuerzfristeg op héchstem Niveau ze definéieren.

D'Seniorsnationalekippe vun den Dammen an Hären hunn dës Saison all hir Partië verluer. Et ass deemno net vun ongeféier, datt d'Decisioune geholl goufen an et op béiden Trainerposte Wiessele goufen.

Bei der Jugend goufen et bei de Jongen a Meedercher deelweis villverspriechend Resultater.
D’Tess Pulli huet an deem Kontext an hirer leschter CA Member Interventioun, als zoustänneg Persoun vun der Jugendkommissioun bei de Jongen, d’Clibb dorop higewisen datt 2009 en Gentlemen's agreement ausgemaach gouf, fir mat maximal 3 auslännesche Spiller unzetrieden bei de Senioren. Si huet bedauert datt verschidde Clibb aktuell vill méi auslännesch Spiller um Terrain hätten wat riskéiere géif déi jonk Spiller an hirer Entwécklung ze bremsen.

D'Joer 2022 gouf a Punkto Finanze mat engem liichte Minus vun 10.000 Euro ofgeschloss. Fir d'Joer 2023 gëtt mat engem Plus vun 10.000 Euro gerechent.

Um Kongress gouf d'Zil kloer ausgeschwat, datt ee bannent den 3 nächste Joer op 3.000 Lizenze soll kommen.

De Club vun Arel huet den anere Clibb matgedeelt, datt den Numm vum Veräin ännert. Den neie Numm ass HBC Attert an de Veräin wäert keng Seniorsekippen oplafe loossen.

Punkto Arbitrage kéint et sinn, datt de Videobeweis déi nächst Saison am Final Four net méi kéint ugewannt ginn, well d'Oplagen an deem Kontext wäerten änneren aus Direktioun europäesch Handballfederatioun.

Wéi op all Kongress goufe verschidde Statutten adaptéiert.

Déi nächst Assemblée générale wäert zu Käerjeng organiséiert ginn.

Ronderëm dem Kongress gouf deen een oder aneren intressante Mouvement am Beräich Spillerwiessel confirméiert. Beim Handball Esch huet sech provisoresch de Nationalspiller Jacques Tironzelli zeréckgezunn, fir de Fokus op seng Studien ze setzen. De Champion huet sech mam Alexandru Cioban vum Standard verstäerkt.

Beim Coupegewënner Red Boys Déifferdeng geet et zanter laange Joren an déi nei Saison ouni d'Zekan-Bridder. Den Aldin Zekan wiesselt op Diddeleng an den Alen Zekan wiesselt bei de Standard. Déi béid hate jo virun net alt ze laanger Zäit den Trikot mam Roude Léif un.