Éier den nächste Weekend den Optakt vum nationale Championnat am Handball bei den Dammen an den Hären ass, gëtt e Samschdeg d'Supercoupe gespillt.

Béid Matcher vum Supercup kënnt Dir am Livestream an der Live Arena suivéieren.

Bei den Dammen treffen e Samschdeg um 15 Auer Käerjeng an Diddeleng openeen.

Béid Ekippen hunn déi lescht Joer iwwer den Dammenhandball dominéiert, souwuel am Championnat wéi och an der Coupe. Praktesch bis zum Schluss war de Championnat spannend an och an der Coupe stounge sech béid Ekippen an der Finall géinteniwwer. D'Coupe ass um Enn op Diddeleng gaangen. An och d'Supercoupe wëllen d'Sharon Dickes an hir Matspillerinnen elo an de Palmarès aschreiwen.

Supercoupe am Handball vun den Dammen /Rich Simon

"Dat ass eist Zil vun dëser Woch. Natierlech ass et och schéin ee Match ze gewannen. An eisem Fall virun allem géint Käerjeng. Och wann et net esou wier, dat wier et awer ok fir eis. Mir hu leider e puer verletzte Spiller. Och Ausfäll duerch aner Grënn, wou Spillerinnen net dobäi kënne sinn. Dat hält eis awer net dovunner of, fir 150% ze ginn."

Bei deene Käerjenger Damme gouf et kuerz virun der Saison en Trainerwiessel. No 4 Championstitelen an zwou Victoiren an der Coupe huet den Zoran Radojevic decidéiert, sech just nach op d'Härenekipp ze konzentréieren. Hie gëtt ersat duerch de Boris Becirovic, deen als Spiller zu Diddeleng aktiv war. Dat dierft eng zousätzlech Motivatioun sinn. Fir d'Tina Welter ass de Match géint Diddeleng awer eng gewëssen Inconnue.

"Zemools well mir nach net wëssen, wéi Diddeleng sech verstäerkt huet. Dofir ass et wichteg, datt mir 100 % fokusséiert an dee Match ginn. Natierlech wëlle mir den Titel dëst Joer fir eis entscheeden."

Bei den Häre spillt um 17.30 Auer de Champion Esch géint de Coupegewënner Red Boys. Fir den Dan Scheid vun deenen Déifferdenger ass et wichteg, mat engem Succès an déi  nei Saison eran ze starten.

Den Dan Scheid iwwert d'Supercoupe

"Et si vill Leit, déi dat als Frëndschaftsmatch gesinn. Mir gesinn dat definitiv net als Frëndschaftsmatch. Et ass een Titel, deen ee ka virun der Saison gewannen. Also gi mir op den Terrain, fir 100 % ze ginn. En plus ass et déi selwecht Supercoupe, déi mir och schonns dat leschte Joer gewonnen hunn. Ech mengen, mat engem Titel ze starten, ass ni verkéiert."