Titel fir Käerjeng bei den Dammen an d'Red Boys bei den Hären
E Samschdeg gouf d'Supercup am nationalen Handball gespillt. Hei sinn d'Champione bei den Dammen an Hären op d'Coupegewënner getraff.
Dammen
Handball Käerjeng - Handball Diddeleng 26:24
Et hat an den éischte 15 Minutte kuerz dono ausgesinn, wéi wa Käerjeng sech séier géif ofsetzen, no eppes iwwer 5 Minutte ware si nämlech scho 4:1 am Avantage. Ma datt si dono zwee Mol an Ënnerzuel hu misste spillen, huet den Diddelenger Dammen an d'Kaarte gespillt, esou datt den Ecart beim 8:5 net méi grouss gouf. Och am zweeten Deel vun der éischter Hallschent hat Käerjeng mat Strofen ze kämpfen an esou louch den Ecart och an der Paus bei 3 Goler, dat beim Stand vu 14:11 fir d'Ekipp a Gréng.
Och no der Paus hat Käerjeng weider mat Feeler an zwou Minutten ze kämpfen. No eppes iwwer 40 Minutte krut d'Lena Kirtz schonn hir drëtt Zäitstrof an huet de Recht vun der Partie vun der Tribün aus dierfte suivéieren. Diddeleng huet ëmmer nees probéiert, fir hir Iwwerzuel ze notzen, konnt den Ecart awer och an de 15 Minutten no der Paus net wierklech verkierzen. Hir Réckstand louch ëmmer nees tëscht zwee a véier Goler. 10 Minutte viru Schluss stoung et du just nach 22:21 fir d'Käerjenger, esou datt sech ganz spannend Schlussminutten annoncéiert hunn. 30 Sekonne virum Enn vum Match ass et Diddeleng net gelongen, den Ausgläich ze markéieren a Käerjeng huet an der leschter Sekonn nach markéiert, fir d'Partie ganz knapp mat 26:24 fir sech ze decidéieren an esou d'Supercup mat Heem ze huelen.
Hären
Handball Esch - Red Boys Déifferdeng 21:25
Et war eng defensiv staark éischt Hallschent vu béiden Ekippen. An den éischten 10 Minutte konnt sech beim Stand vun 3:3 net wierklech een duerchsetzen, éier de Coupegewënner aus Déifferdeng sech dono e klenge Virsprong erausspille konnt. No 20 Minutte ware si 8:5 géint de Champion aus Esch am Avantage. Dëse Virsprong konnt d'Red Boys bis zu der Paus halen. Beim Stand vum 12:9 fir déi Déifferdenger goufen d'Säite gewiesselt.
Esch koum dogéint staark aus der Paus an huet séier aus dem 9:12 en 11:12 gemaach. D'Ekipp vum Coupegewënner krut sech dunn awer gefaangen an huet konnte bis zu der 46. Minutt verhënneren, datt déi Escher den Ausgläich markéieren. Zu deem Ament waren déi éischter Kéier zanter der 13. Minutt nees, wat de Score ugeet, op Aenhéicht mat der Red Boys. Dono awer koumen d'Minutte vum Coupegewënner, déi aus dem 18:18 séier an 20:24 maache konnten. Esch hat also eng schwéier Aufgab an de leschte siwe Minutten, wa si dësen Titel wollte gewannen. Déi Déifferdenger hunn awer alles dofir gemaach, fir hir Féierung net nach eng Kéier ze verspillen a setze sech zum Schluss vun dëser spannender Partie mat 21:25 duerch.