E Samschdeg ass et nees sou wäit. Nom Supercup de leschte Weekend geet de Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an Dammen nees un.

Ier mir an deenen nächsten zwee Deeg déi verschidden Ekippe bei den Hären ënner d'Lupp huelen, kucke mir elo emol op den Damme-Championnat. An do sinn och dëst Joer rëm zwou Ekippen, déi Favorit op den Titel sinn.

Virschau Handball-Championnat/Reportage Sam Rickal

An dat sinn de Champion vum leschte Joer Käerjeng an de Coupe-Gewënner HB Diddeleng. Am Supercup konnt Käerjeng sech 26:24 géint Diddeleng behaapten, trotzdeem sinn d'Viraussetzunge par Rapport zum leschte Joer op béide Säiten anescht.

Op Käerjenger Säit gouf et ee Changement op der Trainerbänk. No 6 Saisone mat ënner anerem 4 Championstitelen an zwou Couppe këmmert sech den Zoran Radojevic an Zukunft nëmmen nach em d'Hären-Ekipp. Ersat gëtt hie vum fréieren Diddelenger Spiller Boris Becirovic. Duerch vill Changementer am Summer an eng Preparatioun, déi net ganz sou verlaf ass, wéi ee sech dat virgestallt huet, weess een zu Käerjeng nach net ganz genau, wou een drun ass. Trotzdeem geet d'Tina Welter mat engem positive Gefill an déi nei Saison.

Beim HB Diddeleng ginn et momentan sou munch Verletzungssuergen. Eng Rëtsch Spillerinne si blesséiert fir de Supercup ausgefall, trotzdeem hunn déi jonk Spillerinnen, déi nogeréckelt sinn, hir Saach gutt gemaach. D'Laura Willems huet no der Defaite am Supercup kee Grond gesi fir ze panikéieren.

Zu Diddeleng huet een awer och matkrit, datt och déi aner Ekippen hannert deenen zwee grousse Kandidaten op den Titel sech verstäerkt hunn.

Fir déi aner Ekippe gëllt et, eng besser Saison wéi d'lescht Joer ze spillen a sech weider ze entwéckelen. Dat éischt grousst Duell tëscht Diddeleng a Käerjeng am Championnat gëtt dann den 21. Oktober zu Diddeleng gespillt.

E Mëttwoch kucke mer dann op den Häre-Championnat, dat mat Péiteng, Miersch, Dikrech an Diddeleng.