D'Rumeuren aus de leschten Deeg, datt d'éischt Ekipp vun den Häre vum HB Péiteng sech aus der ieweschter Divisioun géif zeréckzéien, hu sech confirméiert.

De Christian Schmit, Directeur Administratif vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun, hat e Mëttwoch de Mëtteg an engem Interview d'Rumeuren géigeniwwer RTL confirméiert: "Si (d'Spiller) fille sech net staark genuch, fir an der AXA-League ze spillen, dofir géife si refuséieren, fir fir Péiteng ze spillen."

Hei kënnt Dir de kompletten Interview mam Christian Schmit lauschteren

Déi lescht Deeg goufen et RTL-Informatiounen no Rumeuren, datt verschidde Péitenger Spiller bei anere Veräiner géife mattrainéieren. Dräi Deeg virum eigentlechen Optakt-Match am Championnat géint d'Red Boys Déifferdeng koum dunn déi Péitenger Confirmatioun.

Den HB Péiteng zitt seng éischt Ekipp also aus der ieweschter Divisioun zeréck, sou dass dës elo amplaz vun der zweeter Ekipp an der Promotioun, der zweethéchster Spillklass, kéint un den Depart goen.

Péiteng konnt sech um leschte Spilldag vun der leschter Saison ganz knapp den Opstig sécheren, dat virun der Esperance Rëmeleng an dem HBC Schëffleng.

E Mëttwoch den Owend koum um offiziellen "Season-Opening" d'Confirmatioun vun der Federatioun, datt Péiteng wäert an der Promotioun untrieden an datt Rëmeleng d'Plaz an der Axa League wäert iwwerhuelen. Rëmeleng war déi lescht Saison am Play Down als Drëtte just knapp laanscht de Maintien an der héchster Spillklass am Handball gerutscht.

An dräi Deeg muss d'Esperance dann elo prett si fir den Optakt vun der Saison. Si spillen amplaz vu Péiteng den Optaktmatch vun der Saison am Härenhandball e Samschdeg géint d'Red Boys.
 
Vu Péitenger Säit gouf et op Nofro hi keng Reaktioun.

D'Schreiwes vun der FLH

Espérance Rumelange remplace le HB Pétange en AXA League Hommes

À la suite de la demande du HB Pétange de faire reclasser son équipe seniors hommes de l'AXA League vers la promotion, le Conseil d'Administration de la FLH vient de décider de remplacer Pétange par l'Espérance Rumelange (troisième à l'issu de la saison dernière.

La rencontre d'AXA League de samedi prochain sera donc Red Boys Differdange contre Rumelange à 20:15 au Centre Sportif de Niederkorn.

Salutations sportives