Season Opening am Handball
MVPe vu leschter Saison goufe geéiert

© Val Wagner
Um Season Opening vun der Handballfederatioun goufe wéi all Joer verschidde Spiller a Trainer geéiert.
Als MVP bei den Häre war et de Martin Muller, dee jo mat senger aktiver Karriär opgehalen huet. Bei den Damme war et den Titel vun der MVP fir d’Zorana Jurcevic Goalkeeperin vu Käerjeng.
Als beschten Trainer gouf den Daniel Grgic, de fréieren Trainer vum Handball Esch geéiert.
Beschten Dammentrainer vun der Saison 2022-2023 war den Zoran Radojevic, dee jo aktuellen Härentrainer zu Käerjeng ass.
Déi meescht Goler huet den Josip Ilic vun Diddeleng markéiert. Bei den Dammen war et d’Laurence Hoffmann vun Dikrech
Am meeschte gelies