Wien ass dës Saison Favorit op de Championstitel am Handball

Déi lescht Saison war et am Handball Championnat richteg spannend. Den Handball Esch a Käerjeng ware punktgläich.
Um Enn haten déi Escher wéinst dem besseren direkte Vergläich de 5. Championstitel noeneen gewonnen. Hannendru koume Bierchem an de Coupegewënner Red Boys. Déi 4 Ekippen dierften nees e seriöt Wuert ëm den Titel matschwätzen
De Champion Esch geet de Moment emol dovunner aus, datt een net wäert de 6. Championstitel noenee feieren. Et hu Symbolspiller wéi de Martin Muller an de Sacha Pulli opgehalen an och am Réckraum sinn de Miha Pucnik an de Jacques Tironzelli net méi mat dobäi. D'Gewënnermentalitéit ass wuel nach do, mä esou Spiller z'ersetzen ass quasi eng Saach vun der Onméiglechkeet.
Beim Supercup hunn déi Escher trotz enger Defaite eng ganz uerdentlech Impressioun hannerlooss. De Seriechampion ass e bëssen dru gewinnt, datt anerer méi héich ageschat ginn.
Déi Käerjenger waren zejoert scho staark an hu sech dës Saison nach däitlech verstäerkt. Ënner anerem ass de Miha Pucnik vun Esch komm. De Christophe Popescu an de Faris Hodzic wäerten och de Kader verstäerken. De kroateschen Ex-Nationalspiller Alen Blazevic kéint d'Differenz maachen.
Den HC Bierchem war ganz diskret um Transfertsmaart a rechent domadder, mat quasi dem selwechte Kader ganz uewe matzespillen.
D'Red Boys si vläicht déi Ekipp, déi am meeschten zitéiert gëtt, esouguer vläicht méi wéi Käerjeng, wann een e Favorit am Kontext vum Championstitel wëll nennen. De Coupegewënner huet sech haaptsächlech mat de Fransouse Baptiste Audiffred a Brice Aillaud a mam Kroat Domagoj Potnar verstäerkt. Beim Supercup hunn déi Déifferdenger déi Escher geklappt, allerdéngs ouni z'iwwerzeegen.
Vun de 4 Favoritten wäerten de Weekend nëmmen déi Déifferdenger Red Boys géint Péiteng am Asaz sinn. Wéinst de Matcher an der Coupe d'Europe goufen nämlech 2 Partië verluecht.