Diddeleng gewënnt zum Optakt géint Miersch

© Archiv
E Samschdeg war am nationalen Handball-Championnat den Optakt vum 1. Spilldag bei den Dammen a bei den Hären.
Axa League Hären
Am Optaktmatch huet Diddeleng doheem besser an de Match fonnt a konnt sech tëschenzäitlech eng Avance vu 7 Goler erausschaffen. Den HB Miersch ass awer an de 5 Minutten virun der Paus staark zréckkomm a konnt op 16:13 verkierzen.
Och um Ufank vun der zweeter Hallschent hunn d'Gäscht nach gutt dogéint gehalen, ma du konnt d'Ekipp aus der Forge du Sud d'Féierung awer ëmmer weider ausbauen. Um Enn heescht et domat 36:26 aus Diddelenger Siicht, déi sou mat engem souveräne Succès an d'Saison starten.
Axa League Dammen
Nodeems den HB Käerjeng um fréie Mëtteg bekannt ginn hat, dass de Boris Becirovic als Trainer vun der Dammenekipp ophält, stoung um Owend schonn den éischte Match vun der Saison um Programm. Zu Esch konnt d'Lokalekipp gutt géint den aktuelle Champion mathalen an ass just mat engem knappe Réckstand vun 2 Goler an d'Kabinne gaangen. Och am zweeten Duerchgang waren d'Käerjenger Dammen net ganz sou dominant, wéi dat um Enn vun der leschter Saison de Fall war. Ma trotzdeem konnt ee sech souverän mat 26:22 zu Esch duerchsetzen a sou mat enger Victoire an déi nei Saison starten.
Am éischte Match vum Dag konnt den Chev Dikrech sech souverän mat 19:8 géint den HB Museldall behaapten.
Eng ganz däitlech Victoire gouf et fir d'Damme vum HB Dideleng, déi den HC Standard mat 35:5 iwwerrannt hunn.
Donieft hunn déi Déifferdenger Dammen dem HB Bieles keng Chance gelooss a sech ouni Problemer mat 33:11 duerchgesat.