Den HC Bierchem an d'Fivers Margareten trenne sech 33:33

© Serge Olmo
Um Samschdeg den Owend stoung fir den HC Bierchem zu Krautem den Allersmatch vun der 1. Ronn am EHF European Cup um Programm.
Hei kruten d'Lëtzebuerger et mam HC Fivers WAT Margareten aus Éisträich ze dinn. D'Spectateuren zu Krautem kruten eng ganz ausgeglach Ufanksphas gebueden, an där keng Ekipp sech eng Avance vu méi wéi engem Gol erausspille konnt.
An der 20. Minutt konnt Bierchem allerdéngs du mat 3 Goler a Féierung goen. Tëschenzäitlech louch dës Avance souguer bei 5 Goler, an d'Paus sollt et awer mat engem Stand vun 18:15 goen.
D'Éisträicher sinn allerdéngs besser aus de Kabinne komm a konnten no just 5 Minutten nees ausgläichen. An der Suite war et weider een enke Match, an deem déi Bierchemer awer op en Neits laang d'Nues vir haten.
An der 53. Minutt ass de Fivers Margareten dunn nees den Ausgläich gelongen, éier si 2 Minutten drop op 31:32 gestallt hunn. Et war déi éischt Féierung fir d'Éisträicher zanter der 14. Minutt. Eng hallef Minutt viru Schluss konnt de staarken Ervacanin awer nees fir Bierchem ausgläichen, soudass eng spannend Partie mat 33:33 op en Enn geet.
De Retourmatch gëtt an enger Woch zu Wien ausgedroen.