Um Donneschdeg den Owend war et d'Suitte vum éischte Spilldag am Härechampionnat.

Do konnte sech d'Red Boys kloer mat 36 op 20 géint Rëmeleng duerchsetzen. Déi Déifferdenger hätten u sech den Optaktmatch vum Championnat géint den Noper aus Péiteng spille sollen, ma well sech déi Péitenger e puer Deeg virum Ufank vun der Campagne aus der Axa League zeréckgezunn hunn a Rëmeleng in extremis nogeréckelt ass, haten d'Red Boys sech averstane gewisen, fir hire Match e puer Deeg no hannen ze verleeën, fir datt déi Rëmelenger sech op déi nei Situatioun konnte preparéieren.

An der zweeter Partie vum Donneschdeg huet Bierchem 35:23 zu Dikrech gewonnen. Um leschte Match vum éischte Spilldag treffen déi nächste Woch Esch a Käerjeng openeen.