Diddeleng léisst iwwerraschend ee Punkt beim Chev Dikrech leien a Käerjeng setzt sech in extremis géint d'Damme vun Déifferdeng duerch.

Um Sonndeg gouf bei den Hären d'Partie tëschent Rëmeleng a Miersch gespillt. Hei gouf et eng 28:21-Victoire fir d'Heemekipp.

Axa League Hären
Bei den Häre gouf et wéinst den internationalen Optrëtter vu Bierchem a Käerjeng just ee Match um Samschdeg. Den HB Diddeleng konnt sech mat 36:31 beim Chev Dikrech duerchsetzen, hat awer méi Krämpes wéi am Ufank wuel erwaart. Diddeleng louch an der éischter Hallschent wuel ëmmer a Féierung, mee Dikrech huet net labber an den Ecart net ze grouss gi gelooss. An der Paus hat den HBD just nach ee Gol Virsprong.

Nom Säitewiessel war et laang dat selwecht Bild, Diddeleng war ëmmer a Féierung, konnt den Ecart awer net entscheedend vergréisseren. De Chev huet sech net opginn a konnt an der 46. Minutt eng éischt an eenzeg Kéier a Féierung goen. Duerno huet d'Ekipp aus der Forge du Sud de Match Erfarung a Geschéck op en Enn bruecht a schlussendlech mat 36:31 fir sech entscheet.

Rëmeleng huet sech um Sonndeg mat 28:21 géint Miersch duerchgesat. An der Paus war Miersch nach mat 13:12 am Avantage. Nom Säitewiessel huet d'Heemekipp opgedréint an de Match nach gewonnen.

Spillplang Hären

Axa League Dammen
De Champion Käerjeng huet sech beim 28:26 géint d'Red Boys Déifferdeng immens schwéier gedoen. Vun Ufank u war et en ausgeglachene Match am Derby, woubäi Käerjeng ëmmer de Lead hat a sech an der éischter Hallschent e maximale Virsprong vu fënnef Goler erausspille konnt. Bis zur Paus konnten d'Déifferdenger Dammen dëse Virsprong awer op just nach zwee Goler schmëlzen doen.

An den zweeten 30 Minutten hat et bis zur 45. Minutt ausgesinn, wéi wa Käerjeng de Match fir sech entscheede kéint, mee Déifferdeng koum nach eneg Kéier bis op zwee Goler run. Dësen Ecart konnt den HBK awer iwwer d'Zäit retten a gewënnt um Enn mat 28:26.

Den HB Diddeleng, de Coupegewënner aus der viregter Saison, huet sech beim Chev Dikrech en 19:19 erkämpft. D'Lokalekipp hat de bessere start a louch no 13 Minutten 8:3 vir. Bis zur Paus konnt den HBD awer nach op 10:10 stellen. Och no der Paus war Dikrech de Gros vun der Zäit an Avantage, mee Diddeleng ass drubliwwen a konnt an der leschter Minutt duerch d'Kapitänin Kim Wirtz ausgläichen an nach ee Punkt mat Heem huelen.

Den HB Museldall hat, virun allem an der zweeter Hallschent, keng grouss Problemer mam HB Esch a gewënnt um Enn 26:18. D'Anais Huberty vun de Miselerinnen huet 14 Goler geschoss. Am leschte Match vum Owend huet sech den HB Bieles mat 30:26 géint den HC Standard duerchgesat.

Spillplang Dammen