Käerjeng an der nächster Ronn, Bierchem eliminéiert

© AFP (Archiv)
Den HBK setzt sech am Réckmatch mat 34:24 géint Tallinn duerch. Den HC Bierchem verléiert kloer géint d'Fivers vu Wien.
Den Handball Käerjeng huet seng gutt Ausgangspositioun genotzt a sech am Retourmatch géint den HC Tallinn kloer mat 34:24 behaapt a steet domat am zweeten Tour vum EHF Cup.
Direkt am Ufank vum Match huet Käerjeng de Gäscht gewisen, wien Här am Haus ass a sou stoung et no 15 Minutten 11:8 fir d'Ekipp aus der Brauereistad. Tallinn louch de ganze Match iwwer net eng Kéier a Féierung a koum an der 24. Minutt just eng Kéier zum Ausgläich. Bis zur Paus huet den HBK de Score op 19:13 zu hire Gonschten eropgeschrauft.
No der Paus huet Käerjeng dës Avance konstant gehalen an hat 10 Minutte viru Schluss eng éischt Kéier eng Avance vun 10 Goler. Bei dësem Ecart sollt et bis zum Schluss bleiwen, soudass d'Ekipp vum Trainer Zoran Radojevic um Enn mat 34:24 gewënnt. An der Zomm, mam Resultat aus der Virwoch zu Tallinn (26:26), huet den HBK sech domat souverän duerchgesat.
Den HC Bierchem hat sech d'lescht Woch am Heemmatch eng gutt Ausgangspositioun géint d'Fivers WAT Margereten vu Wien erspillt (33:33), war am Retourmatch awer ouni Chance géint d'Éisträicher. De lëtzebuergesche Vertrieder konnt bis zur 20. Minutt wuel gutt mathalen (9:7), mee duerno hunn d'Fivers bis zur Paus den Ecart op aacht Goler ausgebaut (17:9), woumat Bierchem eng exzeptionell Leeschtung gebraucht hätt, fir nach eng Chance op e Weiderkommen ze hunn.
An der zweeter Hallschent louch den éisträichesche Vertrieder konstant mat 10 Goler vir, sou dass et um Enn 33:22 fir Wien stoung. Mat dësem Resultat ass Bierchem an der éischter Ronn vum EHF Cup eliminéiert, woubäi am Viraus gewosst war, dass d'Fivers e staarke Géigner wieren.
D'Lëtzebuerger Handballfederatioun ass domat nach mat dräi Vertrieder am zweeten Tour vum EHF Cup vertrueden: HB Käerjeng, HB Esch a Red Boys Déifferdeng.