Am nationalen Handball-Championnat war um Mëttwoch en Nodrosmatch vum 1. Spilldag.

Um Mëttwoch den Owend sinn dann och Esch a Käerjeng an déi nei Saison gestart. Opgrond vun der Participatioun vum HB Käerjeng am EHF Cup huet de Match tëscht béid Ekippen, dee fir den 1. Spilldag geplangt war, missen op e Mëttwoch den Owend verluecht ginn.

An et war d'Lokalekipp déi virun 246 Spectateure besser an de Match komm ass a no ronn 12 Minutte mat 5:2 a Féierung louch. An enger éischter Hallschent, déi immens serréiert war, sinn net vill Goler gefall. No 21 Minutte stoung et 6:4 fir Esch. Dono ass Käerjeng lues awer sécher an de Rhythmus komm an duerch 3 Goler um Stéck vum Amer Karamehmedovic louch den HBK an der Paus mat engem Gol (10:9) a Féierung.

An enger ausgeglachener zweeter Hallschent sollt Käerjeng des Féierung net méi aus der Hand ginn a gewënnt mat 22:21 zu Esch.  Beschte Buteur bei Esch war den Tom Krier mat 6 Goler iwwerdeems bei Käerjeng de Armin Zekan der 5 geschoss huet.

Axa League Hären

Tabell Hären