Ganz fréi ass et de Lëtzebuergerinne e Freideg gelongen, fir a Féierung ze goen, an huet dës och bis iwwert déi 90 Minutten eraus verdeedege kënnen.

D'Futtball-Nations-League gëtt et elo och fir Dammen. E Freideg am Nomëtteg stoung fir d'Rout Léiwinnen an der Liga C am Grupp 2 den éischte Match um Programm an dat auswäerts géint Litauen.

Direkt an den éischte Minutten huet Lëtzebuerg et dann direkt gepackt, fir sech géint d'Spillerinnen aus Litauen duerchzesetzen. An der 8. Minutt war et d'Amy Thompson, dat beim FC Mamer spillt, dat fir den 1:0 fir Lëtzebuerg gesuergt huet. Dono war et dann en Eelefmeter, dee schonn an der 15. Minutt de Sak zou gemaach huet. Markéiert gouf den Eelefmeter vum Marta Estevez Garcia, dat beim Racing spillt. Esou goung et och an d'Paus an och dono, ass et Litauen net méi gelongen, fir dëse Réckstand nees gutt ze maachen, sou dass et no am Ganze 94. Minutte bei der 2:0-Victoire fir Lëtzebuerg bliwwen ass.

En Dënschdeg ass da schonn deen nächste Match. Am Stade Emile Mayrisch um Escher Gaalgebierg geet et fir d'Ekipp vum Dan Santos géint Georgien.