D'Häre vum HB Dideleng hu sech fir eng staark Leeschtung no der Paus belount an d'Red Boys um Enn mat 32:29 geschloen.

E Samschdeg war am nationalen Handballchampionnat den drëtte Spilldag vun den Hären an den Dammen.

Axa League Hären
Am Spëtzematch huet sech den HB Dideleng no enger spannender Schlussphas 32:29 géint d'Red Boys behaapt a bleift domat Tabellenéischten. Zu Diddeleng gouf et an der Ufanksphas e liichte Virdeel fir de Gaascht vun Déifferdeng, dee seng Chancen notze konnt an sou tëschenzäitlech mat bis zu sechs Goler a Féierung louch. Mat engem Spillstand vun 12:16 aus der Siicht vun den Haushären ass et dann an déi zweet Hallschent gaangen, wou si elo den Ecart ëmmer méi zougemaach krut hunn. Ronn 20 Minutte virum Enn stoung et sou 20:20 an et war alles präparéiert fir eng spannend Schlussphas. D'Red Boys hu gemierkt, dass déi Diddelenger weider gedréckt hunn a sou krute si et net verhënnert a Réckstand ze geroden an de Match nach op hir Säit zréck gelenkt ze kréien.

Fir den HC Bierchem gouf et dann eng däitlech 43:28-Victoire géint den HC Miersch. Iwwerdeems konnt sech den HB Esch kloer mat 36:23 géint Dikrech duerchsetzen a Käerjeng huet en 30:24-Succès géint Rëmeleng gefeiert.

Spillplang Hären

Axa League Dammen
Bei den Damme bleift den HB Käerjeng no enger sécherer 31:17-Victoire géint Bieles weider un der Tabellespëtzt. Och Diddeleng huet seng Aufgab géint d'Red Boys erfëllt a mat 30:17 gewonnen. Am Match géint den HB Esch konnt sech dann nach den CHEV Dikrech mat 25:20 behaapten.

Spillplang Dammen