Handball
Den HB Käerjeng konnt sech knapp mat 40:37 géint Diddeleng duerchsetzen

Um véierte Spilldag vum nationalen Handball-Championnat bei den Häre koum et en Dënschdeg zum Spëtzematch tëscht Diddeleng a Käerjeng.
Béid Ekippen hate bis ewell nach keen eenzege Match verluer, deemno konnt ee gespaant sinn, wéi eng Ekipp sech en Dënschdeg duerchsetze konnt.
Um Enn wënnt Käerjeng mat 40:37 géint de Géigner vun Diddeleng. Den HB Käerjeng bleift domat weider ongeschloen, iwwerdeems d'Diddelenger hir éischt Néierlag astieche mussen.
D'Tabell
Am meeschte gelies