En Donneschdeg den Owend waren an der héchster Divisioun vum Handball-Championnat zwou Partië vum 4. Spilldag.

Red Boys - Bierchem 32:28

D'Red Boys hu sech en Donneschdeg den Owend mat 32:28 géint Bierchem behaapt. D'Gäscht haten e gudde Start an de Match, mee déi Déifferdenger hunn no 11 Minutten d'Kéier kritt a ware phaseweis 4 Goler am Avantage. Bis d'Paus war et duerno ganz equilibréiert. D'Säite goufe beim Resultat vun 13:12 fir Bierchem gewiesselt. An enger Partie, wou de Rhythmus héich war, stoung et no 45 Minutten 22:22 gläich. Déi Déifferdenger konnten an där Phas hirem Golkipper Chris Auger Merci soen, dee verschidde ganz schwéier Parade fäerdeg bruecht huet. Et huet ee gespuert, datt kleng Detailer de Match entscheede géifen. 5 Minutte viru Schluss stoung et 25:25 gläich. An der 58. Minutt an no enger verwandelter Konterattack vum Brice Aillaud stoung et 30:27 aus Siicht vun den Déifferdenger. Dat konnten déi Bierchemer net méi ophuelen. D'Red Boys hu sech um Enn mat 32:28 duerchgesat an domadder déi zweete Victoire an dëser Saison gefeiert.

Red Boys vs. Bierchem / Reportage Serge Olmo

Rëmeleng - Dikrech 27:24

An der zweeter Partie vum Owend huet sech den Opsteiger Rëmeleng mat 27:24 géint Dikrech duerchgesat. Rëmeleng war direkt gutt an de Match komm a louch no 30 Minutte mat 15:11 am Avantage. Och no der Paus ass et Dikrech zu kengem Ament gelongen, fir eng Kéier d'Féierung am Match ze iwwerhuelen. Déi Rëmelenger hate permanent e klenge Virsprong an esou konnte si sech um Enn dann och iwwert d'Victoire freeën. Dikrech muss domadder weider op déi éischt Victoire an dëser Saison waarden.

An der onkompletter Tabell hunn d'Red Boys a Bierchem 4 Punkte genee wéi Rëmeleng an Esch mat engem Retard vun 2 Punkten op Käerjeng an dem HB Diddeleng.