An der éischter Ronn vun Coupe hu sech ë.a. Esch, Diddeleng, Bierchem a Käerjeng duerchgesat. Bei den Damme gouf et eng kloer Victoire fir Déifferdeng.

Hären

Den Handball Käerjeng huet sech souverän mat 39:37 géint den HB Miersch behaapt. Och wann d'Resultat um Enn méi knapp schéngt, war d'Victoire fir Käerjeng ni a Gefor. No éischten zéng intensive Minutte konnt sech d'Ekipp aus der Brauereistad ofsetzen an hat e maximale Virsprong vu véier Goler. An der Paus stoung et 20:17 fir déi Gréng.

An den zweeten 30 Minutten huet Käerjeng den Ecart konstant ausgebaut, dee bis op maximal siwe Goler ugewuess ass. Nodeems de Match an der 55. Minutt  beim Stand vu 39:32 zu Gonschte fir d'Ekipp vum Trainer Zoran Radojevic gelaf war, ass Miersch duerch technesch Feeler op Käerjenger Säit nach eng Kéier bis op zwee Goler erukomm.

Tëscht Schëffleng an Esch koum et zu engem Derby, dee méi spannend war, wéi am Ufank geduecht. Um Enn setzt sech de Favoritt aus der Minettmetropol mat 30:25 géint Schëffleng duerch. D'Lokalekipp war mat engem 3:0-Laf an de Match gestart, mee déi Escher hu mat engem 6:0 geäntwert. Déi Schwaarz-Wäiss konnte sech eréischt ab der 25. Minutt richteg ofsetzen a louchen zur Paus mat 14:10 a Féierung.

An der zweeter Hallschent huet den Ecart ëmmer tëscht véier a sechs Goler geschwankt, bis Esch an der 53. Minutt eng éischt Kéier e Virsprong vu siwe Goler hat. Domat war kloer, dass den amtéierende Champion de Match gewanne géif.

Nieft Käerjeng an Esch hunn och Diddeleng (40:17 géint Bartreng), Bierchem (43:19 géint Rëmeleng) an Dikrech (34:20 géint Bieles) keng Problemer mat hire Géigner gehat.

Weiderhi stinn de Museldall (41:25 géint Péiteng) an de Standard (40:14 géint Réiden) an der nächster Ronn. D'Red Boys als Coupegewënner sinn an der éischter Ronn spillfräi.

Dammen

E Sonndeg huet sech de Museldall kloer mat 27:11 beim HBC Schëffleng duerchgesat. Méi spannend war et tëscht Miersch a Standard, wou Standard um Enn d'Iwwerhand behält a sech mat 30:28 behaapt. Déi éischt Hallschent war Miersch déi besser Ekipp an hat an der Paus zwee Goler Virsprong. Am zweeten Duerchgang hunn d'Spillerinne vum Standard opgedréint a sech eng tëschenzäitlech Avance vu sechs Goler erausgespillt. Miersch ass um Enn nach eng Kéier erukomm, mee wéi bei den Hären, sollt et keen Happy End ginn.

Am eenzege Match um Samschdeg an der Coupe vun den Dammen iwwerrennen d'Red Boys Déifferdeng den HC Atert Réiden mat 42:15. An der Paus stoung et scho 24:2 zu Gonschte vun den Déifferdengerinnen. D'Lejla Sinani huet mat 10 Goler am heefegsten am Filet ënnerbruecht.

Den Iwwerbléck vun de Resultater