Bierchem setzt sech kloer géint Esch duerch

© RTL Archiv
Am Kader vum 2. Spilldag huet Bierchem bei den Hären de Nodrosmatch däitlech mat 35:25 géint den HB Esch gewonnen.
Esch ass guer net gutt an de Match komm a louch duerch liicht Feeler am Ugrëff no 6 Minutten 0:5 hannen. No der éischter Auszäit hunn d'Gäscht besser mat Bierchem matgehalen. Bierchem war awer weiderhi konstant mat 4 Goler am Avantage. No Ronn 18 Minutte stoung et 12:8. D'Heemekipp huet virun der Paus den Tempo erhéicht a louch duerch en 3:0-Laf an de leschte 6 Minutte virum Säitewiessel an der Paus mat 17:11 vir.
Och nom Téi ass et fir Esch an enger éischter Phas net besser gelaf an de Réckstand gouf net méi kleng. Bierchem ass esouguer op 8 Goler dovu gezunn (25:17). Tëschent der 40. an der 45. Minutt hunn d'Gäscht awer reagéiert an de Retard nees op 5 Goler verklengert. Den Trainer vu Bierchem huet eng Auszäit geholl no där d'Heemekipp nees 3 Goler um Stéck markéiere konnt. D'Gäscht hu sech dovun net méi erholl a sech Bierchem um Enn misse mat 25:35 geschloe ginn.