Déifferdeng klappt Käerjeng a steet elo op der éischter Plaz

© Luca Rossi
Am Kader vum zweete Spilldag huet Déifferdeng bei den Hären de Nodrosmatch däitlech mat 30:22 géint den HB Käerjeng gewonnen.
Dobäi war de Match an der éischter Hallschent duerchaus serréiert. Zwar hunn déi Déifferdenger Red Boys vun Ufank un den Toun uginn, allerdéngs konnten d'Jongen aus der Cité du Fer ni méi wéi eng Dräi-Goler-Avance erausspillen. D'Käerjenger hunn et dogéint verpasst, fir an den entscheedende Momenter den Uschloss un d'Red Boys ze fannen, soudatt si an der éischter Hallschent dem Réckstand a virun allem dem Déifferdenger Spiller Audiffred nogelaf sinn, deen den Owend an enger exzellenter Form war. No 30 Minutte goufe béid Formatioune mat engem 11:13 an d'Paus geschéckt.
No der Paus hunn d'Gäscht d'Lokalekipp äiskal erwëscht a sech bannent kierzter Zäit eng Fënnef-Punkten-Avance erausgespillt. Dëse Réckstand konnten déi Käerjenger, déi nëmme schwéierfälleg an déi zweet Hallschent fonnt hunn, net ophuelen. Am Géigendeel konnten déi Déifferdenger dës Avance am Laf vum Match souguer nach ausbauen, soudatt dës verdéngt mat 30:22 géint Käerjeng gewanne kënnen a sech domadder déi éischte Plaz an der Tabell sécheren.
Axa League Hären