Erwaarte Victoirë fir Esch an d'Red Boys

© AFP (Archiv)
Schonn e Freideg hat beim Optakt vum 5. Spilldag an der Axa League am nationalen Handball Bierchem Diddeleng geklappt.
E Samschdeg den Owend zwou Partien an der héchster Divisioun am nationalen Härenhandball. Esch hat wéi erwaart keng Probleemer géint Rëmeleng an huet sech mat 33:20 behaapt. An der Paus louchen déi Escher mat 15:10 a Féierung.
An der zweeter Partie vum Owend hu sech d'Red Boys zu Dikrech mat 32:19 duerchgesat. No 30 Minutte louchen d'Gäscht mat 17:9 a Féierung.
Bierchem an Diddeleng hate sech schonn e Freideg den Owend eng serréiert Partie geliwwert. No 60 Minutten hu sech déi Bierchemer mat 36:33 behaapt.
An der éischter Hallschent hat Diddeleng knapp d'Nues vir an hat sech tëschenduerch e Virsprong vun 3 Goler erausgespillt. Déi Bierchemer konnten awer reagéieren, sou datt et mat engem 19:19 an d'Paus gaangen ass. An den zweeten 30 Minutten huet Bierchem d'Féierung iwwerholl a bis déi 46. Minutt ass de Virsprong op 4 Goler ugewuess an et stoung 29:25. Bis zum Schluss huet Bierchem den HBD net méi erukomme gelooss a sech esou d'Victoire geséchert.