Ufank November soll déi Lëtzebuerger Hären-Handballnationalequipe an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun an Israel spillen.

Am Moment ass dat awer méi wéi ongewëss. Fir d'FLH ass kloer, datt d'Sécherheet vun de Spiller op éischter Plaz steet.

De Sacha André vun der Handballfederatioun: "Eisen Directeur administratif huet d'EHF kontaktéiert a si gefrot, eng Solutioun eventuell ze proposéieren an eis dann ze soen, wéi et mat deene Matcher, déi sollen den 1. November hei an de 5. November an Israel gespillt ginn, dann eben ass. Haut huet sech d'israeelesch Federatioun dann eben och gemellt, déi drop hiweisen, datt si am Moment och guer net reesen dierfen. Dës Weideren ass jo gëschter bekannt ginn, datt d'Matcher vun hiren Damme vun der EHF elo emol ofgesot gi sinn, an an hirem Communiqué steet jo, datt si mat de Federatioune kucken, en aneren Datum ze fannen."

Dëst sinn op jiddwerfalls déi aktuell Informatiounen déi d'FLH huet. Elo muss een dann op Lëtzebuerger Säit ofwaarden, wat d'EHF, déi europäesch Handballfederatioun, decidéiert.