Lëtzebuerg verléiert mat 14:32 géint Island

© Serge Olmo
E Mëttwoch den Owend ass d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Handball fir d'éischte Kéier an der Haaptronn vun der EM-Qualifikatioun ugetrueden.
Mat Island sinn d'FLH-Dammen auswäerts op e schwéiere Géigner getraff. Als kloren Underdog hunn d'Lëtzebuergerinnen déi 60 Minutten iwwer gekämpft a probéiert, fir mat enger gewëssener Aggressivitéit an enger gudder Defense d'Islännerinnen net ze wäit fortzéien ze loossen. Um Enn huet ee sech misse mat 14:32 geschloe ginn. An der Paus louch d'Ekipp vum Nationaltrainer Alexandre Scheubel mat 7:19 hannen.
Op Lëtzebuerger Säit huet d'Tina Welter 4 Goler markéiert a war domadder Topscorerin.
E Sonndeg waart um 16 Auer an der Coque dann nach emol e méi schwéiere Géigner op d'FLH-Dammen. Mat Schweden ass d'Nummer 5 op der Welt op Besuch. Den drëtte Géigner an der EM-Qualifikatioun sinn d'Färöer Inselen. Am Februar gëtt dëse Match gespillt.