Knapp Defaitë fir Käerjeng, Esch an d'Red Boys
E Samschdeg sinn am EHF Cup d'Allersmatcher vum 2. Tour gespillt ginn.
Fir d'Red Boys ass et an der Partie géint den IBV Vestmannaeyjar aus Island eng 30:34-Néierlag ginn. An der Hal zu Nidderkuer louchen déi Déifferdenger schonn an der Paus mat 12:15 hannen a konnten dee Réckstand bis zum Schluss och net méi ophuelen. E Sonndeg gëtt de Retourmatch rëm um 16.30 Auer zu Nidderkuer gespillt.
Och fir den HB Esch gouf et am Allersmatch eng Defaite. Mat 30:31 hu si géint de VIF vun de Färöer Inselen de Kierzere gezunn. An enger enker Partie stoung et an der Paus 15:17 aus der Siicht vun den Escher, déi et bis zum Schluss spannend gehalen hunn. Mat der knapper Defaite ass awer nach näischt fir de Retourmatch entscheet, deen e Sonndeg um 19.00 Auer zu Esch gespillt gëtt.
Den HB Käerjeng huet dann nach mat 27:31 géint den HC Motor Zaporozhye de Kierzere gezunn huet. D'Käerjenger waren no 30 Minutte mat engem Gol Virsprong an d'Paus gaangen, ma um Enn sollt de Virdeel op der Säit vun der Ekipp aus der Ukrain leien. Hei steet de Retourmatch den nächste Samschdeg um Programm, deen um 18:00 Auer am slowenesche Michalovce gespillt gëtt.*
*An enger éischter Versioun stoung e falscht Resultat am Artikel. De Match ass net wéi ufanks geschriwwe mat 26:27, ma mat 27:31 aus der Siicht vu Käerjeng op en Enn gaangen.