Béid Letzebuerger Ekippen hunn um Sonndeg hir Retourmatcher verluer.

Fir d'Red Boys ass et e Sonndeg drëms gaangen, 30:34-Defaite vun e Samschdeg géint d'Islänner vu Vestmannaeyjar nees gutt ze maachen.

D'Islänner hunn den Déifferdenger awer vun Ufank un de Zant gezunn. An der Ufanksphas huet een de Score nach ausgeglach konnten halen, no 12 gespillte Minutte stoung et 5:5. Dono hunn d'Gäscht awer op den Tempo gedréckt an ënnert dem Impuls vum Gunnarsson konnt Vestmannaeyjar op 5 Goler dervun zéien. An der Paus louch e souguer mat 7 (14:21) Goler a Réckstand. Et huet een de Kapp awer net an de Sand gestach an esou konnten d'Red Boys lues awer sécher de Réckstand verkierzen. Eng 15 Minutte viru Schluss hat een nach 4 Goler Réckstand. An enger hektescher Schlussphas sollt d'Lokalekipp dunn tatsächlech nach emol op 1 Gol eru kommen, zu méi sollt et awer net méi duer goen, sou dass Déifferdeng no der 34:35-Néierlag am Retourmatch eliminéiert ass. Beschte Buteur bei de Red Boys war de Baptiste Audiffred mat 8 Goler.

Wat fir déi Déifferdenger gegollt huet, ass och ob den HB Esch zougetraff. D'Lallenger stoungen e Sonndeg no der knapper 30:31-Néierlag géint de VIF vun de Färöer Inselen virum Retourmatch ënner Drock. Esch huet sech schwéier gedoen, fir an de Match ze fannen a louch no 15 Minutte mat 6:9 a Réckstand. Et war e wuel beméit, mee de Réckstand sollt och an der Paus weider bei 4 Goler leien (12:16). An der 2. Hallschent sollt sech d'Bild dunn awer änneren. Esch war virum Gol méi effizient an huet ëmmer nees mam Kohn äiskal zougeschloen. No 45 Minutte louch Esch ofgesi vum 1:0 eng éischte Kéier a Féierung am dësem Match. An der Schlussphas ass et hin an hier gaangen. Mol louch Esch a Féierung, mol de VIF. Um Enn sollt et aus Escher Siicht net duer goen d'Resultat aus dem Allersmatch nach ze dréinen. Mat 28:30 geet och de Retourmatch knapp verluer. 

Domadder ass d'EHF Campagne fir déi Déifferdenger an déi Escher eriwwer.