Lëtzebuerger Damme verléiere wuel mat 17:39 géint Schweden, hunn awer virun allem an der 1. Hallschent eng immens gutt Leeschtung gewisen.

D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Handball huet um Sonndeg am Gymnase vun der Coque hieren zweete Match am Kader vun der EM-Qualifikatioun gespillt. Op Besuch am Grand Duché war Schweden, aktuell d'Nummer 5 op der Welt.

Gutt 20 Minutte ginn net duer fir géint Schweden ze bestoen
An der zweeter Hallschent huet Schweden e Gang eropgeschrauft an Nummer 5 vun der Welt huet Lëtzebuerg um Enn keng Chance gelooss.

Lëtzebuerg ass engagéiert an de Match gestart. Virun allem d'Laure Flener huet mat 2 Paraden direkt gutt an de Match fonnt an esou der ganzer Ekipp Confiance ginn. No 5 Minutte stoung et 1:1. D'Ekipp vum Nationaltrainer Alexandre Scheubel ass weider um Ball bliwen an huet d'Schwedinnen net fort zéie gelooss. Defensiv stoung e kompakt an an der Offensiv huet e sech och net verstoppt. No 17 Minutte stoung et deemno iwerraschend 6:6-Gläich. Virun der Paus hu sech am Spill vun de Lëtzebuergerinnen an der Offensiv dunn awer e puer kleng Feeler ageschlach sou dass een dann awer mat 8 Goler Réckstand (7:15) an d'Paus gaangen ass.

An der zweeter Hallschent sinn d'Bee schwéier ginn a Schweden huet hiren Virsprong Minutt fir Minutt konnte weider ausbauen. Um Enn geet de Match däitlech mat 17:39 verluer. Trotz allem huet d'Ekipp ronderëm Tina Welter, Topscorerin bei de Roude Léiwinne mat 8 Goler, eng gutt Leeschtung gewisen.

Nierft Island a Schweden spillen d'FLH-Dammen nach géint d'Färöer Inselen. Am Februar gëtt dëse Match gespillt.

D'Europameeschterschaft gëtt vum 28. November bis de 15. Dezember 2024 an Éisträich, Schwäiz an Ungarn gespillt.