D'Red Boys gewannen de Spëtzematch géint Esch

© Serge Olmo
Um Samschdeg den Owend stoung am nationalen Handball-Championnat bei den Hären de 7. Spilldag a bei den Dammen de 4. Spilldag um Programm.
Axa League Hären
Am Spëtzematch vum Spilldag war den aktuelle Champion Esch op Besuch beim Coupe-Gewënner aus Déifferdeng. Nodeems d'Spectateuren déi éischt Véierelsstonn eng ausgeglache Partie ze gesi kruten, hunn d'Red Boys an der Suite d'Kontroll iwwerholl. Kuerz virun der Paus huet d'Lokalekipp richteg opgedréint, soudass et mat engem Tëschestand vu 17:10 an d'Kabinne gaangen ass.
An der zweeter Hallschent huet den aktuelle Champion alles probéiert, fir nach eemol erunzekommen, ma méi no wéi 4 Goler sollten déi Escher net méi kommen. Sou gewënnt Déifferdeng mat 27:21 an iwwerhëlt d'Tabelleféierung, wärend den HB Esch mat 3 Victoiren an 3 Defaiten an déi nei Saison gestart ass.
De Chev Dikrech huet géint Miersch vun Ufank u keng Zweiwel opkomme gelooss, wien um Samschdegowend géif als Gewënner vum Terrain goen. Schonn an der Paus louch d'Dikrecher Féierung bei 10 Goler, um Enn heescht et 33:24 fir d'Lokalekipp.
Spillplang Hären
Axa League Dammen
An och bei den Damme gouf et mat der Partie Diddeleng géint Käerjeng den Duell tëscht dem Coupe-Gewënner an dem Champion. Hei ass et mat 14:10 fir Diddeleng an d'Kabinne gaangen an et huet laang no engem souveräne Succès fir d'Lokalekipp ausgesinn. Käerjeng huet sech allerdéngs net opginn an ass ronn 10 Minutte viru Schluss nees op 1 Gol erukomm. Déi Diddelengerinne hunn d'Féierung awer net hierginn a gewannen um Enn mat 28:26.
An enger laang däitlecher Partie tëscht dem HC Standard an dem HB Esch ass et an der Schlussphas awer nach eemol spannend ginn, ma um Enn behält Esch d'Iwwerhand a setzt sech auswäerts mat 28:25 duerch.
Déifferdenger hat an der eegener Hal keng Problemer géint den HB Museldall a kann esou eng souverän 29:17-Victoire feieren.
Den HB Bieles gouf vun de Spillerinne vum Chev Dikrech reegelrecht iwwerrannt a muss sech um Enn mat 7:30 geschloe ginn.