Käerjeng verléiert mat 30:33 an ass eliminéiert

© Facebook Handball Käerjeng
No der knapper 27:31-Defaite fir Käerjeng am Allersmatch ass et um Samschdeg zum Retourmatch géint HC Motor komm.
Genausou wéi am Allersmatch war et och zu Michalovce a Slowenien, wou de Match géint déi ukrainesch Ekipp ausgedroe gouf, eng éischt Hallschent op Aenhéicht. Keng Ekipp konnt sech eng considerabel Avance erspillen, sou dass et mat enger knapper 16:15-Féierung aus Käerjenger Siicht an d'Kabinne gaangen ass.
Och no der Paus kruten d'Spectateuren eng spannend an intensiv Partie ze gesinn. Ronn 10 Minutten war den HB Käerjeng mat 2 Goler an Avance an et huet dono ausgesinn, wéi wann een d'Qualifikatioun nach kéint packen. Ma an der Schlussphas huet den HC Motor dunn opgedréint a keng Hoffnung bei de Käerjenger méi opkomme gelooss. Um Enn heescht et 33:30 aus Siicht vum ukrainesche Klub, woumat dem HB Käerjeng den Anzuch an déi 3. Ronn net geléngt.