Lëtzebuerg verléiert Testmatch géint d'Belsch

© FLH
Déi Lëtzebuerger Handball Nationalekipp hätt an der WM Qualifikatioun dës Woch zwwemol solle géint Israel untrieden.
Dës Partië goufen natierlech wéinst dem Krich an Israel verluecht. Fir d'EM-Qualifikatioun am Januar ze preparéieren, huet d'Nationalekipp e Mëttwoch de Mëtteg en Testmatch zu Antwerpen gespillt. Um Enn gouf et eng knapp Defaite géint eis belsch Noperen, wou d'Prestatioun awer gestëmmt huet.
D'Resultat war an dësem Match éischter zweetrangeg. Den Nationaltrainer Maik Handschke huet ganz vill gewiesselt an huet Verschiddenes ausprobéiert. Dat en vue vun den EM-Qualifikatiounsmatcher am Januar géint Lettland. De Bierchemer Ben Weyer huet fonnt, datt seng Ekipp gutt harmonéiert huet: "Natierlech muss ee sech un d'Constellatioun vun de Spiller ënnert sech, déi vill ännert, winnen. Ech gesinn do awer kee Problem. Am grousse Ganze kennen d'Spiller sech ënnert sech. Entweder duerch de Championnat oder aus de Jugend-Beräicher. Och perséinlech kenne mir eis gutt, dofir gesinn ech bei der Integratioun vun neie Spiller kee Problem."
Nodeems den Tommy Wirtz an den Daniel Scheid nom Match géint Portugal an der Nationalekipp zeréckgetruede sinn, steet d'FLH-Selektioun virun engem Ëmbroch. Déi gutt Leeschtung géint d'Belsch mécht awer Mutt fir déi nächst Matcher.
"Positiv war ganz kloer déi engagéiert Leeschtung an den Zesummenhalt um Terrain. Et huet kee labbergelooss. Jidderee wëll golgeféierlech sinn. An der Defense stounge mir relativ kompakt. Mir hunn net déi einfach Goler zougelooss, déi mir mol heiansdo duerch ondisziplinéiert Verhalen an der Vergaangenheet kritt hunn. Och den Tempo hu mir gutt geréiert an dat brauche mir och am Januar", sou nach de Ben Weyer.
E weideren Testmatch ass bis dato nach net geplangt. Et wäerten awer Trainingslageren organiséiert ginn. Den 11. Januar spillen d'Rout Léiwe fir d'éischt auswäerts a Lettland. De Réckmatch ass dann 3 Deeg drop am Gymnase vun der Coque.