Esch erkämpft sech Remis zu Käerjeng

© RTL / Serge Olmo
Den amtéierende Champion huet et Käerjeng immens schwéier gemaach. Déifferdeng hat iwwerdeems keng Problemer zu Rëmeleng.
Axa League Hären
Den Handball Esch knäppt dem HB Käerjeng e wichtege Punkt am Kampf ëm Plaz 1 of. No 60 Minutte stoung et Um Dribbel 25:25. Käerjeng war mat engem 4:0-Laf an de Match gestart, mee den amtéierende Champion war no véier eegene Goler nees gläichop, soudass de Match no 12 Minutten nei lancéiert war. Béid Ekippen hu sech en haarde Kampf geliwwert a Käerjeng konnt sech eréischt kuerz virun der Paus ofsetzen (14:11).
Nom Pausentéi huet et geschéngt, wéi wann déi Wäiss-Gréng de Match an de Grëff kréichen, mee Esch huet sech zeréckgekämpft a konnt an der 46. Minutt déi éischt Kéier a Féierung goen. De Match war bis zum Schluss op a wéi den Escher Golkipp Hadrovic dräi Minutte viru Schluss eng duebel Parad gewisen hat, huet ee gemengt, Esch hätt de Match an der Täsch. De Routinier Vladimir Temelkov huet awer nach fir Käerjeng markéiert, sou dass sech béid Ekippe mat engem Punkt mussen zefridde ginn.
D'Red Boys Déifferdeng bleiwen am Soll a gewanne kloer mat 31:20 zu Rëmeleng. Rëmeleng huet sech virun allem an der éischter Hallschent deier verkaaft, mee huet nom Säitewiessel déi kloer Dominanz vun der Red Boys unerkennen. Déifferdeng huet sech am zweeten Duerchgang kontinuéierlech ofgesat an hat eng maximal Avance vun 12 Goler. D'Ekipp vum Ex-Nationaltrainer Nikola Malesevic bleift no dëser Victoire Tabellenéischten, zwee Punkte viru Bierchem.
E Freideg den Owend huet BierchemDikrech mat 38:29 heemgeschéckt. De Chev konnt déi éischt 20 Minutten nach ausgeglach gestalten (10:8), mee bis zur Paus ass Bierchem op néng Goler fortgezunn, soudass et mat 22:13 an d'Kabinne goung. Domat war d'Decisioun eigentlech scho gefall.
An den zweeten 30 Minutten huet den Ecart ëmmer ëm déi 10 Goler gependelt a Bierchem huet Dikrech keng Chance méi gelooss, nach eng Kéier an de Match ze kommen. Um Enn stoung e kloren 38:29 fir d'Réiserbänner. D'Ekipp vum Trainer Marko Stupar bleift Zweeten an der Tabell, hanner dem Leader Red Boys Déifferdeng.
Um Sonndeg huet sech den HB Diddeleng souverän mat 47:30 beim HB Miersch duerchgesat. D'Ekipp aus der Forge du Sud huet vun Ufank un den Toun uginn a louch no 10 Minutte schonn 10:2 vir. An der éischter Hallschent sinn net manner wéi 39 Goler gefall (14:25), well béid Defensen ze lächereg waren. Diddeleng huet de Match och an der zweeter Hallschent net méi aus der Hand ginn a Miersch huet sech sengem Schicksal erginn. Den Aldin Zekan (11 Goler) an de Mateusz Slowikowski (10) hunn déi meescht Goler fir hir jeeweileg Ekipp geworf.
Spillplang Hären
Axa League Dammen
D'Damme vum HB Käerjeng hunn et no der Partie vun den Häre besser gemaach wéi hir Coequipieren an hunn de HB Museldall mat 38:10 iwwerrannt. Käerjeng konnt sech no enger knapper Véierelstonn ëmmer méi ofsetzen an huet d'Miselerinne phaseweis un d'Mauer gespillt. Nom Halbzeitresultat vun 18:5 koum am zweeten Duerchgang nach eng Kéier déi selwecht Unzuel u Goler dobäi.
Déifferdeng bleift déi drëtt Kraaft am Lëtzebuerger Dammenhandball. Si hu sech mat 31:27 an eegener Hal géint den Handball Esch duerchgesat. De Match war eigentlech schonn no 30 Minutten decidéiert, d'Ekipp vum Trainer Michel Scheuren louch an der Paus 15:6 vir. Esch konnt sech bis zum Schluss awer e bëssen zeréckkafen an huet de Réckstand a Grenze gehalen. Op Déifferdenger Säit hunn d'Rijalda Cilovic (9 Goler) an d'Lola Scheuren (8) am beschte markéiert, fir Esch waren d'Sarah Kupke (9) an Noemie Hoffmann (7) am erfollegräichsten.
Den Tabelleleader Diddeleng hat um Freidegowend beim 28:9 keng Problemer mam HB Bieles. Schonn en Dënschdeg hat sech Dikrech mat 38:13 beim HC Standard duerchgesat.