Am Nodrosmatch vum 6. Spilldag huet Esch mat 24:37 géint Diddeleng de Kierze gezunn.

Axa League Hären
Um Mëttwochowend huet den HB Diddeleng dem HB Esch mat 37:24 eng hefteg Néierlag zougefüügt, déi héchst Néierlag an de leschte Joren op nationalem Niveau.

Duerch eng staark Ufanksphas huet Diddeleng den Escher direkt de Wand aus de Seegele geholl. Dat nodeems sech den amtéierende Champion leschte Samschdeg zu Käerjeng e bëssen iwwerraschend e 25:25 erkämpft hat. No 8 Minutte war den HBD schonn op 6 Goler fortgezunn (8:2). Och wann Esch sech kuerzzäiteg bis op 4 Goler eruntaaschte konnt, hu si duerno kee Fouss méi op de Buedem kritt an Diddeleng huet de Virsprong bis zur Paus op 13 Goler eropgeschrauft (23:10).

Genee wéi an der éischter Hallschent huet Diddeleng och am zweeten Duerchgang eng geschlossen Ekippeleeschtung gewisen, bei där den Aldin Zekan (8 Goler) an den David Etute (7) erausgestach hunn. Vue dass de Match schonn no 30 Minutten decidéiert war, hu béid Ekippen de Match méi oppe gestalt an hu jeeweils nach 14 Goler geworf. Op Escher Säit waren de Loris Labonte (7 Goler) an de Moritz Barkow (6) déi bescht Golgetteren. No dësem Match hunn Diddeleng an Esch elo déi voll Unzuel vun 8 Matcher um Kont.

An der nach ëmmer onkompletter Tabell steet Déifferdeng mat der voller Unzuel u Matcher op der éischter Plaz, virun de punktgläiche Bierchemer (1 Matcher manner) an deenen Diddelenger. Käerjeng (2 Matcher manner) ass Véierte virun dem amtéierende Champion Esch.

Spillplang Hären