D’Red Boys gewanne mat 35:27 géint Käerjeng a setzen e Big Point am Meeschterschaftskampf. Esch huet no der Defaite zu Diddeleng eng Reaktioun gewisen.

Axa League Hären
Um 9. Spilldag bei den Häre konnte sech d’Red Boys Déifferdeng mat 35:27 géint Käerjeng behaapten. No enger serréierter Ufanksphas konnt sech Déifferdeng no 20 Minutten eng éischt Kéier méi kloer ofsetzen. Käerjeng hat an dëser Phas ze vill technesch Feeler, wouvun d’Red Boys profitéiert hunn an den Ecart tëschenzäitlech op plus 5 stelle konnten. Mam Stand vu 16:13 goung et an d’Kabinnen.

Den Ofstand vun dräi Goler hat bis an d’Mëtt vun der zweeter Hallschent Bestand, duerno hat Käerjeng nees e puer Onkonzentréiertheeten an Déifferdeng konnt sech op 6 Goler ofsetzen. Um Enn war bei Käerjeng d’Loft eraus an Déifferdeng gewënnt e puer Goler ze héich, mécht awer e wichtege Schratt am Kampf ëm d’Meeschterschaft.

Um 9. Spilldag bei den Häre konnte sech d’Red Boys Déifferdeng mat 35:27 géint Käerjeng behaapten.

Esch huet no der héijer Defaite ënner der Woch zu Diddeleng déi richteg Reaktioun gewisen, geet beim 29:32 géint Bierchem awer nees als Verléierer vum Terrain. No 10 Minutte louch Esch 6:3 vir an huet deen Ecart bis déi 23. Minutt oprechterhalen. Duerno ass awer e Broch an d’Escher Spill komm a Bierchem huet mat engem 6:0-Laf d’Féierung iwwerholl.

Nom Halbzeitstand vu 15:12 fir d‘Réiserbänner ass et bis zum Schluss spannend bliwwen. Bierchem huet de Virsprong gehalen, mee Esch huet ni opginn. Um Enn sollt et fir déi Schwaarz-Wäiss awer net duergoen a si verléiere mat 29:32.

Virun 121 Spectateuren hat den HB Diddeleng um Enn keng Problemer mam Chev Dikrech a gewënnt kloer mat 40:27. Dikrech konnt eng Véierelstonn gutt mathalen, huet duerno awer mussen ofräisse loossen. Nodeems et an der Paus schonn 22:15 fir den HBD stoung, hat d’Ekipp vum Trainer Martin Hummel um Enn e Virsprong vun 13 Goler.

E Sonndeg huet Miersch duerch d'33:31-Victoire géint den direkte Konkurrent Rëmeleng d'Hoffnung op de Klassenerhalt um Liewe gehalen. Nodeem et de ganze Match iwwer Spëtz op Knapp stoung, huet Miersch an der Crunchtime d'Nerve behalen an de Match zu senge Gonschten entscheet. Den Alexandros Vasilakis huet 15 Goler zur Mierscher Victoire bäigesteiert.

Spillplang Hären

Axa League Dammen
Käerjeng huet sech um 8. Spilldag bei den Dammen ouni grouss Problemer mat 33:25 géint Esch duerchgesat a bleift um Éischtplacéierten HB Diddeleng drun. Déi éischt 19 Minutte konnt Esch ausgeglach gestalten, duerno huet sech de Rekordchampion bei den Damme bis zur Paus op 17:12 ofgesat. Am zweeten Duerchgang hunn d’Tina Welter a Co den Ecart konstant ausgebaut a gewannen um Enn verdéngt. Bescht Scorerinne waren d’Lena Kirtz (8 Goler) op Käerjenger an d’Noemie Hoffmann (9 Goler) op Escher Säit.

Den Tabelleleader Diddeleng huet de Leschtplacéierte Standard mat 46:7 iwwerrannt an huet weiderhin ee Punkt Avance op den HB Käerjeng.

Dikrech huet sech mat 21:11 beim HB Museldall behaapt. De Chev war mat engem 9:1-Laf an de Match gestart a konnt domat fréizäiteg den néidegen Ecart erausspillen. An der Paus stoung et 12:6 aus der Siicht vun den Nordliichter. Och am zweeten Duerchgang huet Dikrech den HB Museldall net méi an de Match komme gelooss.

No enger ausgeglachener éischter Hallschent (11:15) huet sech Déifferdeng um Enn kloer mat 33:20 géint Bieles duerchgesat. Op Déifferdenger Säit huet d’Rijalda Cilovic (15 Goler) bal d’Hallschent vun de Goler geschoss a war domat bescht Scorerin vum Match.

Spillplang Dammen