Diddeleng verléiert 54:81 an der Slowakei

© FIBA
Um Mëttwoch huet den T71 Diddeleng de fënnefte Match vum EuroCup gespillt.
An der Slowakei war de Géigner Pietanske Cajky, den aktuelle Champion vum Land. Diddeleng huet déi éischt 15 Minutte vum Match matgehalen, duerno huet d'Lokalekipp sech lues a lues ofgesat. Am zweete Véierel huet Pietanske 29 Punkte markéiert a louch an der Paus 41:29 a Féierung. Nom Säitewiessel huet d'Heemekipp sech konsequent weider ofgesat an de Match fréizäiteg entscheet. Um Enn ass et eng kloer 54:81 Defaite fir d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann.
D'Mia Loyd konnt 15 Punkte fir Diddeleng markéieren, d'Lëtzebuerger Ekipp steet mat 5 Defaiten op der leschter Plaz am Grupp B.
Um Donneschdeg spillt de Gréngewald Hueschtert säi fënnefte Match doheem géint Antalya, dat éischt Duell an der Tierkei hat de Lëtzebuerger Champion knapp mat 73:74 verluer.