De Gréngewald wënnt a leschter Sekonn mat 91:90 géint Antalya
Um Donneschden huet de Gréngewald Hueschtert de fënnefte Match vum EuroCup gespillt.
Virun eegenem Publik gouf et fir de Lëtzebuerger Champion déi éischte Victoire an dëser Competitioun, d'Ekipp vum Trainer Francois Manti setzt sech um Enn knapp mat 91:90 géint Antalya aus der Tierkei duerch.
E staarkt Lisy Hetting an d'US-Spillerin Amanda Cahill hunn dofir gesuergt, dass de Gréngewald gutt an de Match gestart ass. Am zweete Véierel huet d'Samantha Logic staark opgespillt an d'Lokalekipp ass mat enger knapper 46:43-Féierung an d'Paus gaangen.
Nom Säitewiessel konnt sech de Gréngewald op 9 Punkten ofsetzen, de Géigner aus der Tierkei huet dëse Réckstand awer nees opgeholl an ass mat engem Virsprong vu 4 Punkten an de leschte Véierel gaangen. D'Entscheedung sollt an de leschte Sekonne vum Match falen. D'Mbuyamba huet d'Lokalekipp mat engem Punkt a Féierung bruecht, Antalya huet säi leschte Worf verginn an de Gréngewald konnt feieren.
Iwwerzeegt huet beim Gréngewald d'Amanda Cahill mat 37 Punkten, d'Samantha Logic konnt 25 Punkten an 11 Assists bäisteieren.
Um Mëttwoch hat den T71 Diddeleng mat 54:81 an der Slowakei géint Pietanske Cajky verluer. Nächst Woch hu béid Lëtzebuerger Ekippen hire leschte Match an dëser Competitioun.